Vum 17. bis den 18. Mee organiséiert d'Lëtzebuerger Golf-Federatioun op de meeschte Golfplazen am Land déi éischt National Golf Days.

Fënnef Golf-Clibb uechter de Grand-Duché maache vum 17. an 18. Mee hir Diere fir jiddereen op, dee sech fir Golf interesséiert oder d'Sportaart probéiere wëll. Och den Alter mécht keen Ënnerscheed, wéi eis de President vun der Lëtzebuerger Golf-Federatioun an engem Interview erkläert huet. De Marc Schmit ass selwer Golftrainer am Club Kikuoka zu Kanech. Hien trainéiert Kanner, Erwuessener a Senioren. Fir hien huet Golf keen Alter a just fir Seniore wier et definitiv net.

Ënnert anerem bidden d'Clibb dee Weekend gratis Trainingsstonnen un, presentéieren hir Infrastruktur an hir Servicer. Zu de Golf-Clibb, déi matmaachen, gehéieren de Golf de Clervaux zu Eeselbuer, de Golf de Luxembourg zu Jonglënster, de Kikuoka Country Club zu Kanech, de Petite Suisse Country Club zu Chrëschtnech an de Lux Golf Center op der Kockelscheier. Den detailléierte Programm vun de verschiddene Clibb fannt Dir um Site vun der Lëtzebuerger Golf-Federatioun.

Op hirem Site kënnt Dir Iech och fir d'gratis Golf-Seancen umellen, déi u verschidden Auerzäiten organiséiert ginn. D'Course vun annerhallwer Stonn wäerten a klenge Gruppen organiséiert ginn a gi vun erfuerene Profi-Golftrainer gehalen, déi Ufänger all Beräicher vum Spill méi no brénge wäerten.