E Mëttwoch de Moien huet de Mierscher Turnveräin op Facebook matgedeelt, dass ee gezwongen ass, de 15. Juli seng Dieren zouzemaachen.

Scho viru knapp engem Mount hat de Mierscher Turnveräin op Facebook matgedeelt, et géif ee keng Méiglechkeet méi gesinn, weiderzefueren. Deen Ament huet de "Fall Mierscher Turnveräin" eng gewëssen Opmierksamkeet kritt.

Et hat een dunn och d'Hoffnung, datt ee méiglecherweis nach eng Plaz fënnt, wou een trainéieren an d'Geräter stockéiere kann. No Gespréicher mat politesche Vertrieder, dem Educatiounsministère, dem Sportsministère, der Mierscher Gemeng grad sou wéi Vertrieder vu verschiddene Lycéeë konnt awer keng Léisung fonnt ginn. Deemno ass elo kloer, dass am Juli 150 jonk Turner an Turnerinne sech en nei Veräi musse sichen.

Als Ofschloss wäert de Mierscher Turnveräin de 7. an 8. Juni nach säi leschte Gala organiséieren.