En Donneschdeg um Feierdag gewannen d'Gladiators vun Tréier déi éischt ProA-Finall knapp. Schonn den Dag virdru krut de Veräin eng gutt Nouvelle.

Nodeems d’Gladiators Trier d’virlescht Woch de sportlechen Opstig an d’Basketball-Bundesliga gepackt hunn, huet den Tréierer Basketveräin elo och d’Lizenzoplage vun der DBBL erfëllt, konnt also virun allem déi néideg finanziell Garantien noweisen. Domadder steet dem Opstig näischt méi am Wee, an Tréier ka sech d’nächst Saison mat grousse Veräiner wéi Alba Berlin oder Bayern München moossen. Och den zweeten Opsteiger Science City Jena krut seng Bundesliga-Lizenz.
 
Éischt Finall: Tréier gewënnt 85:82 géint Jena
 
Eng lescht Decisioun fir dës Saison steet awer nach aus: wéi ee vu béiden Opsteiger – Tréier oder Jena – däerf sech mam ProA-Championstitel kréinen? Do gouf et op Christi-Himmelfaart eng wichteg Virentscheedung. D’Gladiators Trier konnte bei sech doheem deen éischte vun den zwee Finall-Matcher géint Science City Jena gewannen. Mat 85:82 war et awer eng denkbar knapp Decisioun.
 
Déi zweet Finall gëtt e Samschdeg zu Jena gespillt. D’ProA-Finall gëtt iwwregens am Aller-Retour-Modus gespillt. No den zwee Matcher ginn d’Punkte vu béide Matcher zesummegezielt, fir de ProA-Champion ze designéieren. Tréier muss auswäerts also seng 3 Punkten Avance aus dem éischte Match verdeedegen.