5 Deeg no der Defaite an der Finall vun der Champions League wiesselt de Simone Inzaghi vun Inter Mailand a Saudi-Arabien a gëtt do neie Cheftrainer.

No véier Joer verléisst de Simone Inzaghi Inter Mailand a gëtt neien Trainer vun Al-Hilal. Den 49 Joer alen Italiener huet trotz engem Kontrakt bis 2026 bei den Nerazzurri beim saudiarabesche Rekordmeeschter ënnerschriwwen a soll elo bis zu 25 Milliounen Euro d'Joer verdéngen. D'Italiener wollten eigentlech no der batterer 0-5-Néierlag géint de PSG mam Inzaghi weidermaachen.

Säin Debut op der Trainerbänk kéint den Inzaghi schonn den 18. Juni ginn, wann et op der Club-WM géint Real Madrid mam neien Trainer Xabi Alonso geet. Och Inter Mailand wäert do mat vun der Partie sinn a muss elo bis dohin en neien Trainer presentéieren. Am Raum steet en Engagement vum Cesc Fàbregas, deen aktuell nach Trainer ass vu Como. Den italieeneschen Opsteiger wëllt hire spueneschen Trainer awer net zéie loossen. Eng Demande vu Leipzig, fir bei RB neie Coach ze ginn, haten d'Italiener scho refuséiert.