Et geet an déi decisiv Phas

© AFP
En Dënschdeg an e Mëttwoch stinn zu Wimbledon am Tennis souwuel d'1/4-Finalle bei den Hären an den Dammen, wéi och déi am Dubbel um Programm.
Sou lues awer sécher geet et zu Wimbledon an déi decisiv Phas. Eng Rëtsch Favoritte wéi den Alexander Zverev bei den Hären oder bei den Damme mat der Jelena Rybakina an der Clara Tauson, déi 2021 de leschte WTA-Tournoi op der Kockelscheier gewonnen huet, sinn net méi dobäi. Trotzdeem léisst sech de reschtlechen Tableau weisen.
Véierelsfinall vun den Hären
Den Optakt mécht en Dënschdeg d'Partie tëscht dem Taylor Fritz an dem Karen Khachanov. Den Amerikaner ass an dësem Match de klore Favorit. Op sech opmierksam gemaach huet de Fritz ënner anerem och bei dëser Editioun, wéi hien dee séierste Service an der Geschicht vu Wimbledon vum Giovanni Mpetshi Perricard, mat 246 Kilometer an der Stonn, nach zeréck gespillt krut a sech de Punkt séchere konnt. Den Ofschloss bei den Häre mécht en Dënschdeg d'Affiche tëscht dem Carlos Alcaraz an dem Cameron Norrie. De Spuenier konnt sech virun engem Mount och zu Roland Garros duerchsetzen an huet elo säin drëtten Titel noeneen zu Wimbledon am Viséier.
Eng Partie, déi duerchaus méi serréiert ka ginn, ass d'Ausernanersetzung e Mëttwoch tëscht dem Jannik Sinner an dem Ben Shelton. Zwar huet déi italieenesch Nummer 1 am WTA-Ranking bei dëser Editioun bewisen, datt d'Form stëmmt an datt hien e Wuert ëm d'Schlussvictoire ka matschwätzen. De Shelton als Nummer 10 vun der Welt gëllt et awer net ze ënnerschätzen. Komplettéiert ginn d'Aachtelsfinalle vum Match tëscht dem Novak Djokovic an dem Flavio Cobolli. Den "Djoker" war zwar an der Aachtelsfinall géint den Alex de Minaur net ganz feelerfräi, weess awer wéi een an esou Situatioune mam Drock ëmgoe muss. Déi 101. Victoire zu Wimbledon e Méindeg huet dem Serb sécherlech nach eng Kéier Réckewand ginn.
Véierelsfinall vun den Dammen
Net nëmmen eis däitsch Nopere wäerte gespaant op déi éischt Partie en Dënschdeg kucken. Déi däitsch Laura Siegemund spillt géint d'Nummer 1 vun der Welt, d'Aryna Sabalenka. D'Belarussin ass zwar de klore Favorit an dëser Partie, d'Siegemund huet awer och ënner anerem duerch d'Eliminatioun vum Madison Keys bewisen, datt si de groussen Nimm ee Been stelle kann. Déi 37 Joer al Däitsch huet e Méindeg no dem Mixed och op den Dammen Dubbel verzicht, fir hire komplette Fokus op d'Partie géint d'Aryna Sabalenka ze setzen.
Den Ofschloss maachen en Dënschdeg d'Amanda Anisimova an d'Anastasia Pavlyuchenkova. Donieft kann ee sech och e Mëttwoch spannend Partien tëscht dem Mirra Andrejewa an dem Belinda Bencic wéi och dem Iga Swiatek an dem Ljudmila Samsonowa erwaarden.