Emotional Reaktioun vum Luc Holtz

© rtl.lu
Een Dag no der Annonce, dass dem Futtballnationaltrainer Luc Holtz säi Kontrakt um Enn vum Joer net méi verlängert wäert ginn, huet dësen elo reagéiert.
D'FLF huet um Donneschdeg de Moien de Lëtzebuerger Medien eng Kopie vun deem Schreiwes geschéckt, an deem sech de Luc Holtz un de Verwaltungsrot vun der Futtballfederatioun riicht. Hie reagéiert a sengem Statement op d'Decisioun, dass säi Kontrakt als Trainer vun der Futtballnationalekipp nom 31. Dezember 2025 net méi wäert verlängert ginn.
Hei de geneeë Wuertlaut:
"Léiwe Präsident,
Léiw Memberen aus dem Conseil d’Administration vun der FLF,
No ärer Decisioun mäi Kontrakt, deen den 31.12.2025 ofleeft, net ze verlängeren, ass de Moment fir mech komm, fir e puer Wieder lass ze ginn.
Et ass mat engem kräischenden a mat engem laachendem An, wou ech Iech MERCI soen.
15 Joer ass eng laang Zäit an ech hätt mir et net erdreemt esou laang um Poste vum Sélectionneur vun eiser Nationalequipe ze stoen.
Dat An wou laacht kuckt op 15 erfollegräich Joer zeréck, mat villen Emotiounen, déi nëmmen de Fussball engem ka ginn .
Et war,an ass fir mech ëmmer eng Éier a Freed gewiescht, eis Lëtzebuerger Nationalequipe ze trainéieren an ze coachen.
Dat An wou kräischt kuckt virun allem op déi läscht Wochen a Méint zeréck, wou d’medial Berichterstattung an d’Opmierksamkeet vun der lëtzebuerger Sportspress op aussersportlech Theme respektiv op Onwourechten a Kritik u menger Persoun loung.
De Sport, de Fussball ass zu Niewesaach ginn, an d’Unerkennung vun der Leeschtung vun de Jonge steet a stoung absolut net méi am Mëttelpunkt.
Ech soen Iech, Präsident, MERCI fir äert Vertrauen an d’Ënnerstëtzung iwwert all déi Joren.
E grousse MERCI un eis Supporter. Dir waart a sidd eisen 12. Mann. Méi wéi eemol hat ech Héngerhaut a war oft extreem stolz op Iech. Dir hutt d’Equipe gedroen, ënnerstëtzt a gefeiert. Jo, ech war a sinn houfreg op déi Symbiose déi tëscht der Equipe an Iech entstan ass.
MERCI virun allem menge Spiller, ob dat 1, 3, 5 oder 15 Joer waren. Ouni ären Asaz, äre Wëllen an äert Kënnen, hätte mir déi vill Erfolleger net kënne feieren. MERC! An eise Wee ass nach net ganz fäerdeg. Den Dram vun der WM lieft.
E speziellen MERCI awer u mäin Trainerstaff. Mir waren ëmmer en « Team »! Gedriwwe vun der Obsessioun d’Equipe an all Spiller eenzel besser ze maachen, hu mir mat vill Kompetenz, Leidenschaft, Präzisioun an och Häerz eis Equipe op en neie Level bruecht.
Deen allergréissten MERCI gëllt awer menger Famill. Dir waart a sidd ëmmer fir mech do, hutt mir ëmmer de Réck gestäipt an hutt vill Trauer an Tréine missen a leschter Zäit erliewen a vergéissen Präsident, ech wäert mäi Kontrakt, dee bis den 31. Dezember 2025 leeft, mat der selwechter Energie, Motivatioun an Enthusiasmus wieder erfëllen, an de komplette Fokus op déi nächst Quali-Matcher leeën.
Duerno ass dann de Moment ze soen « it’s time to say goodbye ».
Ech wënschen Iech an dem Conseil eng glécklech Händche bei der Sich no engem Successeur, a verbleiwe mat déifstem Respekt an Dank.
Roude Léiw huel Se
Luc HOLTZ
Sélectionneur national du Luxembourg"
Hei den offizielle Communiqué, deen d'FLF am Numm vum Luc Holtz un d'Lëtzebuerger Presseorganer weidergeschéckt huet:
Lettre de M. Luc HOLTZ au Conseil d’Administration de la FLF