En Donneschdeg den Owend huet d'UNA vu Stroossen de Retourmatch vun der zweeter Qualifikatiounsronn an der Conference League géint Dundee United gespillt.

Nodeems en Dënschdegowend den FC Déifferdeng 03 no der 1:0-Victoire am Retourmatch géint The New Saints den Ticket fir déi drëtt Qualifikatiounsronn geléist huet, war et en Donneschdeg um Tour vun der UNA Stroossen. Well déi Stroossener am Allersmatch a Schottland allerdéngs mat 0:1 de Kierzere gezunn hunn, hunn d'Männer vum Trainer Stefano Bensi en Donneschdeg zwéngend misse gewannen.

Conference-League-Quali: UNA Stroossen vs. Dundee United / Rep. Gilles Tricca

Obschonns déi Stroossener gekämpft an eng gutt Prestatioun gewisen hunn, sollt hinnen dëst Konschtstéck awer um Enn net geléngen. No 90 Minutte muss sech d'UNA Stroossen doheem 0:1 géint de Favorit Dundee United geschloe ginn. Domadder ass de Stroossener Dram vun Europa no der zweeter Ronn vun der Conference-League-Quali schonns ausgedreemt.

UNA Stroossen - Dundee United 0:1

0:1 Iovu (63')

D’Spectateure kruten zu Déifferdeng eng monter éischt Hallschent ze gesinn. Déi Stroossener hu sech net verstoppt an hu vun der éischter Minutt u probéiert, fir e Gol ze markéieren. Allerdéngs huet béi den éischte Stroossener Golaktiounen d’Genauegkeet nach gefeelt. Esou huet de Myre béi sengen zwee Versich an der 4. souwéi an der 9. Minutt de Ball iwwert de Gol gesat. Den Hadji huet dëst bei sengem Fräistouss an der 6. Minutt scho besser gemaach, allerdéngs konnt dëse vum Kucherenko am schottesche Gol paréiert ginn. D’Schotte vun Dundee sinn an der Ufanksphas awer och zu hire Golchancë komm. Schonns an der 3. Minutt hat de Iovu e Kappball iwwert de Gol gesat, ier datt an der 13. Minutt de Bam am Stroossener Strofraum esou richteg gebrannt huet. Mä weder de Sapsford, nach den Esselink konnte vum Gewurschtels am Strofraum no engem Corner profitéieren an de Ball bei hire jeeweilege Versich am Gol ënnerbréngen. Nom Sapsford sengem Volley an der 16. Minutt, deen dësen am Fënnefmeterraum verzunn huet, ass eng länger Zäit net méi vill am Match geschitt. Kuerz virun der Paus hu béid Ekippe sech awer nees Golchancen erausgespillt. Op Stroossener Säite wieren do den Edis Agovic an de Matheus ze nennen, déi dacks e Schoss a Richtung schottesche Gol lassgelooss hunn. An der 42. Minutt hat de Leschtgenannten dunn och déi beschte Chance an der éischter Hallschent: De Matheus gouf schéin an Zeen gesat a konnt onbedrängt a Richtung schottesche Gol marschéieren. Allerdéngs huet dësen, no sengem Sprint, de Gol mat sengem Schoss ëm Zentimeter verfeelt. Op Säite vun Dundee hat den Dolcek déi beschten Occasioun. Dëst an der 36. Minutt. Mä den Özcan am Stroossener Gol konnt de Schoss vum kroatesche Spiller paréieren. Deemno ass et beim Stand vun 0:0 an d’Kabinne gaangen.

An der zweeter Hallschent war dunn net méi esou vill lass um Terrain. Kuerz nodeems déi zweet 45 Minutte lancéiert waren huet den Delgado et fir déi Stroossener mat engem Distanzschoss probéiert, deen allerdéngs wäit laanscht de Gol geflunn ass. Fir Dundee huet de Pappoé säi Gléck an der 60. Minutt probéiert, mä säi Schoss huet den Özcan am Gol virun keng gréisser Problemer gestallt. Aus dem Näischt sollt dowéinst den 1:0 fir d’Gäscht falen. No engem Foul bréngt de Sapsford an der 63. Minutt e Fräistouss an der Stroossener Strofraum eran. Um zweete Potto huet de Iovu gelauert, dee sech gutt vum Hall geléist huet an de Ball du mam Kapp zum 1:0 am Gol ënnerbrénge konnt. D'UNA huet sech nom Géigegol awer net geschockt gewisen an huet probéiert, de Retard opzehuelen. An der 66. Minutt hunn dem Pimentel bei sengem Wäitschoss nëmmen Zentimeter gefeelt, soss wier de Stroossener den direkten Uschlossgol gelonge gewiescht. Mä déi Stroossener hu weider un hir Chance gegleeft a sech esou nach Occasiounen erausgespillt. Mä et huet de Stroossener ëmmer nees un der néideger Reussite am Ofschloss gefeelt, esou wéi an der 73. Minutt dem Perez bei senger Tentative aus der Distanz oder an der 82. Minutt dem agewiesselte Sacras, deem säi Schoss knapps iwwert d'Lat ewechgeflunn ass. Um Enn sollten déi Stroossener, trotz gudder Leeschtung, de Retard net méi opgeholl kréien, soudatt si de Retourmatch, genee ewéi och den Allersmatch, mat 0:1 verléieren, soudatt si aus der Conference-League-Qualifikatioun erausfléien.