
Den 1. FC Magdeburg aus der 3. däitscher Liga huet dem Eldin Dzogovic e Profikontrakt ginn. Den 18 Joer ale Lëtzebuerger trainéiert schonn zanter dem leschte Summer reegelméisseg mat der Ekipp aus der 3. Liga a war och am Trainingslager an der Tierkei mat dobäi. De jonke Lëtzebuerger stoung fir d’Lëtzebuerger A-Nationalekipp beim 0:1 am Frëndschaftslännermatch géint Katar (24. Mäerz 2021) bis ewell eng Kéier um Terrain.
An der 2. Liga a Portugal huet Vilafranquense auswäerts mat 3:1 géint Trofense gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller Eric Veiga gouf bei de Gäscht no der Paus agewiesselt. Duerch d’Victoire steet Vilafranquense elo op der 12. Plaz an der Tabell an huet e Virsprong vu fënnef Punkten op d’Relegatiounsplaz. Vilafranquense huet awer zwee Matcher méi gespillt.
De Mathias Olesen souz e Sonndeg beim 1. FC Köln an der Bundesliga op der Bänk. Den FC huet sech auswäerts mat 3:1 géint d’Hertha duerchgesat.
Den Danel Sinani huet e Samschdeg de Mëtteg mat senger Ekipp Huddersfield Town am engleschen FA Cup mat 2:1 géint Burnley gewonnen. De Lëtzebuerger stoung an der Starteelef an ass an der 59. Minutt ausgewiesselt ginn.
Fir de Leandro Barreiro a Mainz gouf et ab der Bundesliga iwwerdeems eng 1:4-Néierlag géint Leipzig. De Lëtzebuerger gouf an der 64. Minutt agewiesselt.
Op Zypern huet Achnas mam Tim Hall mat 1:2 géint Aris Limassol de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun an huet an der 88. Minutt Giel gesinn. Achnas steet op der leschter Tabelleplaz.