
E Méindeg den Owend stoung zu Biissen ee weidere Barragematch um Programm. Hei krut Ierpeldeng aus der Éierepromotioun et mat Miedernach aus der 1. Divisioun ze dinn. Ierpeldeng koum an der Saison 2018/2019 an der Éierepromotioun op déi 11. Plaz a Miedernach koum an der 1. Divisioun, 1. Bezierk op déi 2. Plaz hannert Steesel.
Virun 1.897 Spectateuren zu Biissen um Klengbousbierg konnt sech Miedernach no Verlängerung mat 3:1 géint Ierpeldeng duerchsetzen a spillt also d’nächst Saison an der Éierepromotioun.
Miedernach war an der éischter Hallschent déi kloer besser Ekipp a si hunn den Ierpeldenger d’Liewe richteg schwéier gemaach. An der zweeter Hallschent ass Ierpeldeng du besser an de Match komm a si hunn zum Ufank vun den zweete 45 Minutten och de Kommando iwwerholl, ma och an dëser Hallschent sollt Miedernach méi geféierlech sinn. No 90 Minutte stoung et awer nach ëmmer 0:0 an esou goung et an d’Verlängerung.
Hei konnt de Ricardo Pereira vum Eelefmeterpunkt aus fir Miedernach markéieren. De Jeff Angelsberg konnt awer per Kapp fir Ierpeldeng ausgläichen. An der 115. Minutt huet de Santos Cardoso dunn awer den 2:1 fir Miedernach markéiert an esou de Match entscheet. Den 3:1 vum Augusto an der 123. Minutt war dann nach d’Kiischt um Kuch.

Déi éischt gutt Chance vum Match gouf et schonns no 6 Minutten an dat fir d’Ekipp aus der 1. Divisioun. De Billy Barrela hat hei e Ball vu riets an d’Mëtt geflankt, wou de Santos ganz fräi zumm Kappball koum, ma den Ewertz am Ierpeldenger Gol konnt paréieren, well de Kappball net placéiert genuch war.
Zwou Minutte méi spéit dunn déi éischt Chance fir Ierpeldeng. De Schoss vum Bunga aus knapp 18 Meter sollt awer laanscht de Potto goen.
Miedernach war weiderhin déi méi geféierlech Ekipp an an der 14. Minutt war et dunn eng weider gutt Geleeënheet. De Mendes huet sech gutt op der lénkser Säit duerchgesat an huet an der Mëtt den Augusto fonnt, deen awer de Ball net richteg getraff huet.
Blo-Wäiss Miedernach war richteg gutt an de Match komm, hanne stoung si stabil an no vir ass et ëmmer nees ganz séier gaangen.
Ierpeldeng hat méi Schwieregkeeten, an de Match ze kommen an dat huet een och gemierkt. No 31 Minutte gouf et eréischt hiren zweete Golschoss an dat duerch den Da Cunha.
D’Ekipp aus der 1. Divisioun war einfach besser a vill méi geféierlech, sou och an der 37. Minutt, wou de Mendes op lénks an d’Spëtzt geschéckt gouf, säi Schoss goung awer nieft de Potto.
Déi bescht Chance vun Ierpeldeng gouf et dunn an der 41. Minutt, wou de Marc Weis gutt an d’Déift geschéckt ginn ass, hien huet direkt ofgezunn an de Parnasse konnt de Ball nëmmen no vir ofpralle loossen, ma den Do Rio huet den Noschoss iwwert de Gol geschoss, esou dass et mat engem fir Ierpeldeng glécklechen 0:0 an d’Paus gaangen ass.

Nom Säitewiessel ass Ierpeldeng elo besser an de Match komm an an der 51. Minutt hat de jonke Marc Weis den 1:0 um Fouss, säi Schoss sollt awer ganz knapp iwwert de Gol goen.
Ierpeldeng ass elo ëmmer besser ginn an hunn elo och besser kombinéiert, sou och an der 8. Minutt, wou den Do Rio zum Schoss koum, ma de Parnasse am Gol vu Miedernach war zur Stell.
An der 61. Minutt war et déi nächst déck Chance, de Fonseca ass eleng op de Gol gelaf, ma huet de Ball donieft geschoss.
Miedernach huet dunn an der 67.Minutt een éischt Liewenszeechen an der zweeter Hallschent gewisen an dat hätt missen den 1:0 sinn. De Guimaraes gouf am Strofraum fräisgespillt a stoung komplett eleng virum Ewertz, ma hien huet de Ball tatsächlech donieft geschoss.
An nëmme 4 Minutte méi spéit léisst Miedernach déi nächst honnertprozenteg Chance leien. De Mendes huet de Ball erausginn op de Goncalves, deen den Augusto an de Mëtt fonnt huet, ma deen huet de Ball net richteg getraff.
Bis zum Schluss ass näischt méi geschitt an esou ass et an d’Verlängerung gaangen.
An der 98. Minutt gouf den Augusto dunn am géigneresche Strofraum vun de Bee geholl an et gouf Eelefmeter fir Miedernach. De Ricardo Pereira ass vum Eelefmeterpunkt aus ugetrueden an huet de Ball äiskal erageschoss.
Ierpeldeng wollt sech awer nach net geschloe ginn an huet weider gekämpft. De Mika Barrela ass an der 105. Minutt op de Gol gelaf an huet aus knapp 12 Meter ofgezunn, hie sollt awer nëmmen de Potto treffen.
An an der 109. Minutt gouf Ierpeldeng fir hiert Engagement belount. No engem Fräistouss konnt de Jeff Angelsberg nämlech mam Kapp ausgläichen.
Ierpeldeng huet dono op d’Féierung gedréckt, ma et ass komm , wéi et huet misse kommen. Miedernach konnt nämlech an der 115. Minutt duerch de Santos Cardoso nees a Féierung goen. No enger Flank vum Andrade Rebelo huet hie mam Kapp markéiert.
Ierpeldeng huet nach eemol alles no vir geheit och de Golkipp an esou konnt den Augusto an der 123. Minutt dunn esouguer nach den 3:1 fir Miedernach markéieren.
Dat war dann och d’Schlussresultat an esou steigt Miedernach duerch dësen 3:1-Erfolleg an d’Éierepromotioun op. Ierpeldeng muss iwwerdeems de battere Wee an d'1. Divisioun untrieden.

Scho gespillt:
Hueschtert (BGL Ligue) - Hesper (Éierepromotioun) 2:0
RTL-News: Hueschtert klappt Hesper 2:0 a bleift an der BGL Ligue Biissen (Éierepromotioun) - Weiler (1. Divisioun, 2. Bezierk) 1:3 no Verlängerung
RTL-News: Weiler zum Tuer wënnt no Verlängerung a klëmmt an d’ÉierepromotiounGinn nach gespillt:
Dënschdeg um 20 Auer zu Useldeng: Bartreng (1. Divisioun, 2. Bezierk) - Dikrech (2. Divisioun, 1. Bezierk)
Mëttwoch um 20 Auer zu Habscht: Mäerzeg (1. Divisioun,1. Bezierk) - CSO (2. Divisioun, 2. Bezierk)
Donneschdeg um 17 Auer zu Kielen: Fiels (2. Divisioun, 1. Bezierk) - Zowaasch (3. Divisioun, 2. Bezierk)
Freideg um 20 Auer zu Konsdref: Éinen (2. Divisioun, 2. Bezierk) - Klierf (3. Divisioun, 1. Bezierk)