
Iwwerdeems huet Leverkusen doheem géint Hertha schlecht ausgesinn a Köln konnt een 0:2-Réckstand an eng Victoire verwandelen. Schalke a Wolfsburg hu sech mat engem Gläichspill getrennt, dës Partie hat awer een traurege Bäigeschmaach: ee Supporter vun S04 koum virum Match bei enger Chute ëm d’Liewen.
Schonn en Dënschdeg war den Optakt vun der Englescher Woch an der Bundesliga mam 16. Spilldag, dat mat dëse Resultater. Och op internationalem Plang stounge e Mëttwoch eng Rei Partien um Programm; erausgestach huet den El Clásico a Spuenien.
1:0 Pléa (46'), 2:0 Stindl (67')
Mam Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp ass Paderborn an eng schwéier Auswäertspartie géint Mönchen Gladbach gaangen. D’Fohlen si jo an der Tabell ganz uewe bäi a wollte géint den Opsteiger am eegene Stadion näischt ubrenne loossen. No éischte 45 Minutten, an deene keng Goler gefall sinn, huet de Pléa direkt nom Téi d’Féierung fir Gladbach geschoss. De Fransous konnt eng Pass vu lénks am Filet vun de Gäscht ënnerbréngen.
Déi 2. Hallschecht huet deemno fir Jans a Co. bedenklech schlecht ugefaangen an den Owend am Borussia-Park goung fir den Opsteiger ënner erschwéierte Konditiounen, nämlech mat engem 0:1-Réckstand, weider. Vum Punkt aus huet de Stindl an der 67. Minutt den 2:0 fir d’Bourssia geschoss. De Laurent Jans huet de Match op en Enn gespillt an huet mat senger Ekipp eng 0:2-Defaite missen astiechen. Paderborn bleift domat d’Lanterne rouge an der Bundesliga.
0:1 Lewandowski (16'), 1:1 Grifo (59'), 1:2 Zirkzee (90'+2), 1:3 Gnabry 90'+5)
Eng vun den Iwwerraschungsekippen aus der Hironn am däitsche Futtballchampionnat ass mat Sécherheet den SC Freiburg. De Veräin aus dem Breisgau krut e Mëttwoch den Owend Besuch vum Rekordmeeschter vu Bayern. Et huet een dierfe gespaant sinn, ob de routinéierten Trainer Streich ee passende Matchplang géint den FCB virbereet hat, fir dem Favorit eventuell e Been ze stellen. Ma no dem Lewandowski sengem 1:0 no enger décker Véierelsstonn huet et fir den FCB no enger klorer Saach ausgesinn.

An der 2. Hallschecht koumen déi Freiburger kuerz virun der Stonn awer zeréck. Eng Flank vu riets huet de Grifo am Strofraum fonnt, dësen huet d’Schlapp duergehalen a fir den 1:1 ausgeglach. Freiburg blouf frech a wollt virum eegene Public de Favorit aus München weider iergeren. Ma an der Nospillzäit sollt den agewiesselten Zirkzee de Breisgauer ee Stréch duerch d’Rechnung maachen. D’éischt huet déi 18 Joer jonk Vedette vum FCB an duerno de Gnabry nach ee fir d'3:1-Victoire fir Bayern dropgesat.
1:0 Hinteregger (6'), 2:0 Paciencia (30'), 2:1 Hektor (44'), 2:2 Bornauw (72'), 2:3 Drexler (81'), 2:4 Jakobs (90'+4)
Köln ass no der Victoire am Rheinderby géint Leverkusen um leschte Spilldag mat breeder Broscht op Frankfurt gereest. D’Ekipp vum Trainer Gisdol wollt géint d’Eintracht direkt mat weidere Punkte géint den Ofstig noleeën. No der hallwer Stonn Spillzäit huet et awer fir den FC iwwerhaapt net gutt ausgesinn. Frankfurt louch nämlech no de Goler vum Hinteregger a Paciencia no 30 Minutten 2:0 a Féierung.
Kuerz virun der Paus konnt den Hektor op 1:2 verkierzen - e stramme Schoss, bei deem de Frankfurter Kipper net souverän ausgesinn huet, ass am Filet gelant. Nom Säitewiessel ass de Kölner den Ausgläich gegléckt an et goung deemno an eng spannend Schlussphas mat oppenem Viséier op béide Säiten. Köln wollt e Mëttwoch den Owend déi Victoire méi wéi d’Lokalekipp an huet an der Schlussphas tatsächlech d’Partie mat zwee weidere Goler entscheet.
0:1 Kabak (51'), 1:1 Mbabu (82')
Virum Match hat ee Schalke-Fan eng Chute. Wéi d’Police am Laf vum Owend confirméiert huet, wier ee Mann ouni eng friem Awierkung sou schwéier un d’Fale komm, datt hien am Spidol verscheet ass.
Domat hat d’Partie een traurege Bäigeschmaach, ma Futtball gouf awer gespillt. S04 wollt sech nämlech mat enger Victoire zu Wolfsburg am ieweschten Tabellendrëttel festsetzen. Wolfsburg hat iwwerdeems wëlles, mat 3 Punkte virum eegene Public, den Uschloss un déi iewescht Räng an der Tabell ze halen. No engem 1. Duerchgang, an deem keng Ekipp der Partie de Stempel konnt opdrécken, ass Schalke kuerz no der Paus d'1:0-Féierung gegléckt. An der Schlussphas vum Match huet Wolfsburg den Ausgläich markéiert an d’Partie goung mat 1:1 op en Enn.
0:1 Rekik (64')
Eng weider Defaite huet d’Werkself vu Leverkuse missen am fréie Mëttwochowend géint Hertha Berlin astiechen. No enger 1. Hallschecht ouni Goler konnt den Ofwierspiller Rekik de Score an der 64. Minutt opmaachen. Déi Al Damm aus der däitscher Haaptstad konnt dës Féierung iwwer d’Zäit bréngen.