Eng Table Ronde mam Marc Baum, Eugène Berger, Alex Bodry, Gast Gibéryen, Henri Kox a Marc Spautz, moderéiert vum Caroline Mart.

Net genuch Inhalt, Problemer, wéi de Logement oder d'Landesplanung einfach ewechgelooss an ee bal ze schéinen „Etat de la Nation“ vum Staatsminister Bettel, dat soten d'Oppositiounspolitiker, den CSV-Parteipresident Marc Spautz, den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen an den Deputéierte Marc Baum vun déi Lénk an der Emissioun Kloertext Spezial. Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry ass do anerer Meenung. De Premier hätt an der Ried zur Lag vun der Natioun déi gutt Sujeten ugeschwat.

Logement, Landesplanung a Mobilitéit wieren an de leschte 6 Wochen intensiv an der Chamber diskutéiert ginn. Da misst een déi dräi Debatten net nach eng Kéier féieren, esou de Mann vun der LSAP.

AUDIO: Extrait Alex Bodry

Nieft dem Alex Bodry hunn den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger an de gréngen Deputéierten Henri Kox d'Regierung vertrueden. Du goung et ëm de Staatsbudget an och do goungen d'Meenungen auserneen.

Esou heescht et vum Marc Spautz, datt Defiziter am Zentralstaat, wann een d'Gemengen an d'Sécurité sociale eraushuele géif, nach ëmmer géifen an d'Luucht goen. An dovunner wéilt kee schwätzen. D'Politiker vun der Regierung hunn do staark widdersprach, dat wier net wouer.

AUDIO: Extrait Marc Spautz

Och um Volet Sozialpolitik gouf et vun der Oppositioun Kritik. D'Ausso vum Premier, datt Schéier tëscht Aarm a räich net méi auserneegaange wier, déi wier falsch. De Sozialalmanach vun der Caritas géif dem Premier zum Beispill widderspriechen, sou de Marc Spautz. De Gast Gibéryen huet dat nach präziséiert. Iwwer 100.000 géifen der ënnert d'Aarmutsgrenz falen, an all siwente Frontalier wier ee Lëtzebuerger wéinst den ze héije Wunnengspräisser. De Logement wier ëm 25 Prozent méi deier ginn, méi wéi an den anere Legislaturperioden.

AUDIO: Extrait Gast Gybérien

Den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger wollt dat net esou stoeloossen. D'Regierung hätt vill am Beräich Sozialpolitik gemaach. Et wieren eng ganz Rei Sachleeschtunge bäi komm: d'Subventioun Loyer, gratis Kannerbetreiung, de Pappecongé, de Congé Parental.

AUDIO: Extrait Eugène Berger

Fir de Marc Baum vun déi Lénk hätt de Premier d'Problemer am Land schéi geschwat.