"Se wollte menger lass ginn” sot de Frank Engel a geet och, trëtt aus der Partei aus. Um CSV-Kongress trëtt elo de Claude Wiseler mat enger neier Ekipp un.

Wéi geet et weider mat der CSV no der Causa Engel? Um Parteikongress e Freideg presentéiert sech eng Ekipp ronderëm den Deputéierten a fréiere Spëtzekandidat Claude Wiseler, fir d'Geschécker vun der Partei ze leeden. Ass dat déi richteg Strategie oder brauch déi gréissten Oppositiounspartei eng staark Persoun un hirer Spëtzt? Wäert et der neier Ekipp geléngen, Rou an d'Partei ze bréngen, nodeems de Sträit mam Frank Engel mat enger Denonciatioun beim Parquet op en Enn gaangen ass? Dorëms goung et en Donneschdeg am Kloertext op der Tëlee, mam Europadeputéierten a Kandidat fir Generalsekretär Christophe Hansen, der Stater Gemengeconseillère a Kandidatin fir Co-Presidentin Elisabeth Margue, dem laangjärege Parteimember a Matgrënner vum Dräikinneksgrupp Pierre Lorang a mat Extraiten aus engem Interview mam fréiere Staatsminister Jean-Claude Juncker.

D'CSV misst et elo fäerdegbréngen, méi frësche Gesiichter eng Plattform ze ginn, zu Lëtzebuerg géingen nämlech nun emol Käpp gewielt ginn, sou de Pierre Lorang.

"D'CSV huet ëmmer profitéiert, esou laang se an der Regierung war, vun deem do Walsystem. Haut an der Oppositioun gëtt dee Walsystem zu enger Fal, déi am Moment am Gaangen ass zouzeschlappen. D'CSV wier dofir gutt beroden, a mengen Aen, wann se géing higoen a relativ séier géing decidéieren, kucken, wien ass an deene 4 Bezierker op der Lëscht an an all Bezierk géing se eng Plaz fräimaachen, dat wär wier de Jeff Boonen am Norden, dat wier fir d'Elisabeth am Zentrum, et wier fir de Laurent Zeimet am Süden an et wier fir de Max Hengel am Osten."

Déi concernéiert Elisabeth Margue wier op alle Fall motivéiert.

"Ech setze mech a sou laang ech kann an, ech hunn nach ëmmer Loscht, et ze maachen an entweder et geschitt oder et geschitt net, mee ech hu Loscht, et ze maachen."

Fir datt d'Elisabeth Margue nach virun den nächste Walen an d'Chamber kënnt, misst ee vun de 7 Zentrumsdeputéierte Plaz maachen, dat sinn de Claude Wiseler, de Serge Wilmes, d'Diane Adehm, d'Viviane Reding, de Marc Lies, de Laurent Mosar an de Paul Galles.

"An enger Partei mécht een dat net. Hien an déi aner hätten dee Problem anescht kënne léisen. Ech war am Ufank rosen doriwwer, ech sinn elo einfach traureg."

Dat seet de Jean-Claude Juncker dozou, datt den elo Ex-Parteipresident Frank Engel vu Parteimembere beim Parquet denoncéiert gouf, wéinst sengem Aarbechtsvertrag mat der ASBL CSV Frëndeskrees. De Pierre Lorang ass sech sengersäits och net sécher, datt déi Rechnung opgeet.

"Wann een am richtege Liewen eng Atombomm zünt, da muss ee kucken, dass een a sécherer Distanz ass. An hei huet d'Fraktioun, oder déi Leit, déi dat initiéiert hunn, a mengen Aen am iwwerdroene Sënn eng politesch Atombomm gezünt. Dat heescht, si hunn déi ultime Waff agesat, fir dee Problem, dee sécher ee war, ze léisen. Ech sinn awer net sécher, ob se opgepasst hunn, dass se eng genügend Distanz haten, well déi Folgeschied dovunner, vun där doten Atombomm, déi kënnen nach ganz laang nohalen an dofir ginn ech dem Jean-Claude Juncker Recht."

Déi aktuell Vizepresidentin a Kandidatin, fir Co-Presidentin ze ginn, Elisabeth Margue sot hirersäits, et hätt een en Doute gehat, dass een et mat strofrechtleche Faiten ze dinn hätt an dofir hätt ee missen handelen.

"Dobäi muss een awer soen, dass mir an der Partei och schonn zanter Dezember mam Här Engel geschwat hunn, fir him ze soen, hie misst d'Gespréich sichen an hie misst och op déi do Saachen uschwätzen."

Wat seng finanziell Situatioun ugeet, hätt de Frank Engel iwwerdeems ëmmer gesot "Ech ginn eens", et misst een awer allgemeng driwwer schwätzen, ob ee fir politesch Aarbecht kéint entschiedegt ginn, sou de Christophe Hansen.

"Am Kader vum Parteifinanzéierungsgesetz, wat do d'Marche de manouevre ass, op wéi ee Punkt een dat usetzt, well soss effektiv riskéiert een, datt een nëmme Parteipresidente kritt, oder aner Funktiounen, wou et sou wéi sou just Mandataire bal kënne maachen, oder e Fräiberuffler oder een, deen d'Chance hat, genuch Sue vun den Eltere matzekréien."

Den ëmstriddene President ass fort, elo soll eng Ekipp d'Rudder iwwerhuelen, mat enger Co-Presidence a Co-Generalsekretären a bei den nächste Wale mat Co-Spëtzekandidaten? Fir de Jean-Claude Juncker keng gutt Iddi.

"Ech mengen, eng grouss Partei brauch ee Spëtzekandidat, vun deem d'Leit wëssen, wann déi Partei d'Wale gewënnt an an d'Regierung gelooss gëtt, dat ass jo net ëmmer de Fall zu Lëtzebuerg, dann ass dat dee Mann, deen un der Spëtzt vun der Regierung steet."

Ob si interesséiert wieren, 2023 als Spëtzekandidaten an d'Walen ze goen, wollten de Christophe Hansen an d'Elisabeth Margue nach net soen. Mat där Fro géing ee sech beschäftegen, wann et sou wäit wier.

"Ech mengen, datt mer 2018 de Feeler gemaach hunn, datt mer se vläicht ze fréi geléist hunn. An ech mengen, dee Feeler solle mer net nach eng Kéier maachen. An ech mengen och, datt d'Zäiten änneren, an datt mer vläicht haut och eng aner Approche zum Leadership hunn, wéi mer nach vläicht virun e puer Joer haten."

D'CSV misst bis zu den nächste Walen et och fäerdegbréngen, deenen anere Parteien ze weisen, datt ee mat hir schaffe kéint an dofir wier et och elo wichteg, datt d'Ekipp ronderëm de Claude Wiseler gutt zesummeschafft a Rou an d'Partei bréngen, esou nach d'Elisabeth Margue.

Eis Invitéen en Donneschdeg den Owend waren:

Christophe Hansen
CSV-Europadeputéierten
Kandidat fir CSV-Generalsekretär

Elisabeth Margue
Affekotin, Gemengerot Stad Lëtzebuerg
Fréier Presidentin CSJ,  Vizepresidentin CSV

Pierre Lorang
Studéierte Jurist , Publizist
Matgrënner vum Dräikinneksgrupp

A mir hunn e laangen Interview mam Jean-Claude Juncker gemaach, dee mir an Deeler iwwert déi ganz Diskussioun ablenden. De ganzen Interview kënnt Dir no der Emissioun integral op RTL.lu kucken.

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)