En Donneschdeg goung et an der Emissioun "Kloertext" ëm d'Thema Autosfestival an ëm d'Transitioun op Elektrogefierer.

Zënter dëser Woch ass den Autosfestival am Gaang, mä et ass net méi deen Highlight fir d'Branche, deen et ëmmer war, bedauert den Ed Goedert. Hien ass onofhängege Consultant an Éierepresident vun Autopolis an der ADAL.

De Client ass veronséchert, weess net, ob e besser beroden ass mat engem Verbrennungsmotor, engem Plug-In-Hybrid oder engem Elektroauto.

Äntwerten op vill Froe gouf et en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee.

"Wann een haut en Auto keeft, weess een net, wat en nach a 4 Joer wäert ass", seet den Ed Goedert. Vill Leit géifen dofir éischter op de Wee goen, fir en Auto ze lounen. "Et ass net den Ament fir ze kafen, mä fir ze waarden a mat deem weiderzefueren, wat een huet." Där Meenung ass de Pascal Becker, kriteschen Expert a fréiere Mister Automag. Den Elektroauto vun haut ass a sengen Aen a 5 Joer kale Kaffi. Iwwert d'Konditiounen, fir sech esou e Gefier unzeschafen, waren hien an de Mobilitéitsminister François Bausch gedeelter Meenung.

"Een, deen zum Beispill keng eege Parkplaz huet, wou e säin Auto doheem ka lueden, wat beim Elektroauto absolut Sënn mécht, dee soll sech keen Elektroauto kafen.", esou de Pascal Becker.
"Ech hunn awer een, ech hu keng Parkplaz, ech hu kee Garage an ech hunn en Elektroauto. Et ass iwwerhaapt net komplizéiert”, kontert de François Bausch.

De Plug-In-Hybrid nennt de Pascal Becker eng gutt Léisung fir eng ganz spezifesch Clientèle. Leit, déi zum gréissten Deel mat der Batterie hin an hier fueren an dann eemol am Joer op Bensin oder Diesel zeréckgräifen. Den Ed Goedert ass mat deem System ganz zefridden.

"Mir hunn e Plug-In-Hybrid doheem, en huet eng Autonomie vu 40 Kilometer. Fir mat den Hënn spadséieren ze goen oder an de Supermarché ze fueren, ass dat kee Problem. Mir lueden dee permanent, dat ass e Reflex ginn. A wann een eng Kéier méi wäit fiert, huet een eng Autonomie um Bensin vu 600-700 Kilometer, dat ass eng super Saach."

D'Majoritéit vun de Leit fiert nach mat Verbrennungsmotor, mä dat ass sécher net d'Zukunft, betount de Mobilitéitsminister François Bausch.

"Dat kann net sinn, well de Stroossentransport huet e ganz groussen Undeel un den CO2-Emissioune weltwäit. Et ass e Choix, deen ee muss treffen. Wëlle mer eppes maache par Rapport zum Klima oder wëlle mer näischt maachen? Et ass net méi 5 vir 12, mä eng Minutt vir 12, fir ze handelen an dofir gëtt et op EU-Niveau keng Divergenz méi. Mir wäerten den Ausstig vum Brenner decidéieren."

E Verbuet, fir domadder ze fueren, schléisst de François Bausch awer aus. De Guy Breden fiert mat engem Waasserstoffauto. Hie schwäermt vun där Technologie, och wann en den Ament iwwer 100 Kilometer, bis op Saarbrécken, muss fueren, fir ze tanken.

"De Waasserstoffauto huet ganz ganz vill Virdeeler. Wann ech esou en Auto kafen, brauch ech meng Gewunnechten net z'änneren. Ech tanken an dräi Minutten an ech fuere 650 Kilometer. Et si vill Leit, déi dat och wëllen an ech hunn a mengem Entourage, datt se soen, datt se op dee Wee wéilte goen. Alles, wat vum Verbrennungsmotor fortgeet, ass jo eng gutt Saach."

De Guy Breden ass iwwerzeegt, datt vill Leit géifen op déi Technologie ëmklammen, wann et 2 oder 3 Tankstellen fir Waasserstoffautoen am Land géif. Eng éischt kënnt am August/September emol op Beetebuerg.

D'Primme fir Elektroautoen, déi Enn Mäerz auslafen, ginn an hirer aktueller Form verlängert, mat Ausnam vun där fir de Plug-In-Hybrid, déi am Dezember ausleeft. Dat huet de Mobilitéitsminister François Bausch an der Emissioun Kloertext annoncéiert.

"Ganz sécher elo emol fir ee Joer. Et kommen och nach Primmen dobäi an zwar Betriber, déi eng Opluetstatioun installéieren. Fir Privatstéit gëtt et déi Hëllef schonn. Si kréien e Subsid vu 50 Prozent, wa se eng Opluetstatioun doheem installéieren."

Invitéiert waren:

François Bausch
Minister fir Mobilitéit
Déi gréng

Ed Goedert
Onofhängege Consultant
Pres. hon. Autopolis & ADAL

Pascal Becker
Fréiere Mr Automag
Kriteschen Expert

Guy Breden
CSV-Conseiller Kielen
Fiert e Waasserstoffauto

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)