Ëm déi Fro goung et en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee.

Resumé Kloertext / Reportage Dany Rasqué

"Wann een um Buedem läit, ass ëmmer dee beschten Ament fir opzestoen." Dat huet de Manuel Huss am Kloertext op der Tëlee ënnerstrach, wou déi zukünfteg rout-gréng Oppositioun invitéiert war. Hien ass Politolog an huet bis elo bei deene Gréngen als Attaché Parlamentaire geschafft. Eng Aarbecht, déi hien nom Waldebakel vu senger Partei verléiert.

Hien ass fest dovunner iwwerzeegt, datt et fir déi Gréng awer elo net den Zäitpunkt ass, fir de Kapp an de Sand ze stiechen, mä fir no Vir ze kucken an sech nei z'erfannen.

Et goung ënnert anerem ëm d'Analyse no de Walen an ëm d'Fro, wat een anescht hätt misse maachen. De François Bausch stellt zum Beispill fest, datt déi Gréng méi defensiv op d'Kriticke vun anere Parteie vis-à-vis vu grénge Ministeren hätte misse reagéieren.

"Ech mengen, datt mer eis méi hätte misse wieren an och vu vir era méi däitlech hätte misse maachen, wat mir alles gemaach hunn a wien déi verschidde gréng Ministère virdrun hat. Mä net just par Rapport zu der DP, och par Rapport zu der CSV. D'CSV war jo och laang an der Regierung. Ech soen dat net, well ech mengen, datt mir kee Feeler gemaach hunn, mä mir waren ze vill defensiv. Doru schaffe mer, dat wäert sech änneren."

Haart kritiséieren, wann et drop ukënnt, awer net d'office alles schlecht maachen, dat soll deen neie Stil vun déi Gréng ginn. An der Chamber gëtt d'Sam Tanson Cheffin vum grénge Grupp. Wien dat bei der LSAP gëtt ass, nach net ganz kloer. Fir d'Paulette Lenert ass et keen Automatismus, datt d'Spëtzekandidatin sortant déi Roll iwwerhëlt. Hir Partei géif zesummen iwwer Posten diskutéieren an och geschwënn zu enger Conclusioun kommen. Dobäi misst een natierlech och un d'Europawalen dat anert Joer denken. Datt d'Paulette Lenert do kandidéiert, huet si net ganz ausgeschloss.

"Europawalen ass eppes wat, ech mer natierlech och duerch de Kapp goe loossen, grad an dësen Zäiten ass et wichteg, och do staark opgestallt ze sinn, mä an éischter Linn ass vu mengem Bauchgefill hier meng Plaz an der Chamber. Ech hu gesot, ech géif do untrieden." Eng änlech Ausso koum bei där Fro vum François Bausch.

Als Co-President vun de Jonksozialisten ass de Max Molitor frou, datt zwou jonk LSAP Fraen an d'Chamber gewielt goufen a perséinlech wier hien och zefridden mat der Reaktioun vun der Mammepartei nom 8. Oktober. "Et war net dat Gesouers, wat mer elo 10 Joer héieren hunn, datt net mat engem geschwat ginn ass. Et huet sech ugedeit, a wéi eng Richtung et géif goen, dat hu mer sou ugeholl an elo muss een dee Match maachen."

De Max Molitor hofft, datt d'LSAP-Deputéiert hir Wonne geleckt hunn a sech zu 100 Prozent engagéieren. Schliisslech géif et kee Gesetz an deem stéing, datt een no 5 Joer Oppositioun net och erëm dobäi wier.

D'Invitéeën

Paulette Lenert, LSAPLSAP-Spëtzekandidatin

Ass fir d’éischt an d’Chamber gewielt ginn

RTL

François Bausch, déi gréng

Co-Spëtzekandidat Zentrum

Gëtt nees Deputéierten, war et vun 1989-2013

RTL

Manuel Huss, déi gréng

Verléiert säi Posten als  Attaché Parlamentaire

Politolog a vu Jonk un engagéiert bei déi gréng

RTL

Max Molitor, LSAP

Co-President Jonksozialisten

War fir d’éischt mat an d’Walen

RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.