Am Kloertext um Donneschdeg den Owend hu Vertrieder vun alle Parteien aus der Chamber diskutéiert.

Ee Joer Schwaarz-Blo: Gutt geschafft, Versprieche gehalen? Dat war de Sujet am Kloertext um Donneschden Owend.

Kloertext "1 Joer Schwaarz-Blo" / Resumé Dany Rasqué

D'Oppositiounsparteie sinn, fir et diplomatesch auszedrécken, manner zefridde mat deem, wat d'CSV an d'DP bis elo geleescht hunn.

D'LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding seet, et hätt een d'Impressioun, de Luc Frieden hätt säi Buttek net wierklech am Grëff. Fir si ass et eng Politik vum Chaos a si ass erstaunt driwwer, datt d'Approche "Business First" duerch sämtlech Ressorten duerchgezu gëtt.

De Premier hat an engem Interview gesot, hie misst sech nees dru gewinnen, dass Demokratie eppes Komplizéiertes ass an datt et manner séier geet, wéi hie wéilt, well et Debatten a Kriticke gëtt. Eng Remark déi d'Sam Tanson, d'Spriecherin vun déi Gréng interpelléiert huet. Si gesäit et op där anerer Säit awer och als Valorisatioun vun der Aarbecht, déi d'Oppositioun mécht. Et géif ee mierken, datt d'Oppositiounsparteie mat deem wat se maachen eppes erreechen an och zeréckgeruddert gëtt.

De Spriecher vun déi Lénk, de Marc Baum ass der Meenung, datt an deem Joer, wou d'Regierung Frieden-Bettel um Rudder ass, just waarm Loft koum. De Fraktiounspresident vun der ADR, de Fred Keup gesäit net, wou d'Regierung eng wesentlech aner Politik mécht, wéi déi Regierung virdrun. Hie freet sech, ob et bëssen u Courage oder un engem Plang feelt.

De Pirat Sven Clement gehéiert zu deenen, déi interpelléiert sinn, iwwert de Kommunikatiounsstil vun der Regierung. 
D'Fraktiounspresidente vun CSV an DP, de Marc Spautz an de Gilles Baum, hunn natierlech de Bilan vun engem Joer Schwaarz-Blo verdeedegt a sech hannert de Premier gestallt, dee ganz zefridden op déi lescht gutt 12 Méint zeréckkuckt an der Iwwerzeegung ass, neie Schwong an d'Land bruecht ze hunn.

Just bei engem Punkt huet de Marc Spautz sech net hannert ee vun den CSV-Ministere gestallt.

Den Aarbechtsminister ass jo den Ament am Clinch mat de Gewerkschaften, well si der Meenung sinn, datt de Georges Mischo hinnen d'exklusiivt Recht wéilt ewechhuelen, fir Sozialpläng auszehandelen, respektiv déi verwässere well.

De Marc Spautz sot, et misst ee bei deem Sujet net laang ronderëm de Bräi schwätzen. Hie wier iwwer verschidden Entwécklungen net frou a géif alles dofir maachen, datt den Dialog mat de Gewerkschafte sech erëm verbessert.
OGBL an LCGB haten en Dënschden den Owend jo souguer mat engem Generalstreik gedreet.

D'Invitéen:

Taina Bofferding
LSAP-Fraktiounspresidentin

RTL

Sam Tanson
Spriecherin déi gréng

RTL

Marc Baum
Spriecher déi Lénk

RTL

Sven Clement
Pirat

RTL

Fred Keup
Fraktiounspresident ADR

RTL

Gilles Baum
Fraktiounspresident DP

RTL

Marc Spautz
Fraktiounspresident CSV

RTL