D'Rock University ass eng Museksschoul hei zu Lëtzebuerg, déi hir Course speziell un all Schüler upasst. Musek made in Luxembourg.

D'Rock Universitéit ass eng Museksschoul anescht wéi anerer. Do geet et net drëms, d'Musek just einfach nëmmen ze spillen, mä se ze fillen, ze spieren a virun allem ze personaliséieren. D'Léierpersonal, dat aus professionellen a passionéierte Museker zesummegesat ass, huet sech als Zil gesat, all Talent esou vill wéi méiglech ze fërderen.
 
Mat speziell ugepasste Course kënne si op individuell Besoine vun de jeeweilege Schüler agoen, an dat spigelt sech och an der Musek erëm.

Freides stelle mer Iech iwwert den RTL You ee Museker a säi Video mat engem perséinlech gecoverte Lidd vir. Dës Woch ass et um Tyko Majus mam Lidd "Home Again" vum Michael Kiwanuka.

1. Stellt Iech an 2-3 Sätz vir.

Mäin Numm ass Tyko Majus, ech hu 17 Joer a kommen aus Stockholm, Schweden. Ech si mat 3 Joer op Lëtzebuerg geplënnert a ginn zanter deem och hei an d’International School Luxembourg. Meng gréisste Leidenschaft ass Sangen, wouhier mäin Dram kënnt, fir Sänger ze ginn.

2. Wéini hutt Dir Äert Talent fir Musek entdeckt?

Musek ass zanter menger Kandheet e Bestanddeel vu mengem deegleche Liewen. Verschidde Familljememberen a menger Famill hunn e musikaleschen Interêt an ech denken, datt ech meng Passioun esou och vun hinnen an d’Wéi geluecht krut.

An der Primärschoul hunn ech déi éischte kéier esou richteg realiséiert, dass ech en Don hätt, fir ze sangen. Wärend enger Prouf fir eng Chouer-Opféierung huet meng Léierin mir gesot, dass si meng Stëmm wierklech gär hätt an dass ech mat vill Passioun géif sangen. Dëst huet mir d'Vertraue ginn, fir méi ze sangen a mech méi an d’Saach eran ze knéien.

2017 hunn ech decidéiert, fir Course bei der Rock University ze huelen, soumat ech meng Optrëtter nach méi an der Déift virbereede kéint.

3. Ass d'Lëtzebuerger Museksindustrie an Ären Ae grad esou aflossräich wéi am Ausland?

Op d’Gréisst vum Land gekuckt, denken ech, dass Lëtzebuerg eng entwéckelt Musekszeen huet. Duerch d’Proximitéit vu Lëtzebuerg zu sengen Nopeschlänner Frankräich, Däitschland an der Belsch hunn déi Lëtzebuerger Museker d’Méiglechkeet, fir e méi grousse Publikum z'erreechen.

E gutt Beispill ass mäi Frënd den Alex, dee vun der franséischer Versioun vun "The Voice Kids" kontaktéiert gouf, fir an hirer Show matzemaachen, an där hien d'Halleffinall erreeche konnt.

4. Wat war Äre gréissten/memorabelsten Optrëtt bis elo?

Ech si bis dato bei enger Partie Eventer opgetrueden, déi entweder vun der Rock-Universitéit oder vun der International School organiséiert goufen. Ech sinn houfreg op all meng Optrëtter, wann ee bedenkt, dass een ëmmer eppes dobäi léiere kann. Déi Showen, op déi ech am meeschten houfreg sinn, ware meng zwee Optrëtter an der Talentshow "LuxFactor“, déi vu menger Schoul organiséiert gëtt.

Meng éischt Performance war am Joer 2018, wéi ech dem Jason Mraz säin "I'm Yours" gesongen hunn. Ech hunn de Concours net gewonnen, awer et war déi éischte Kéier, dass ech wierklech op enger richteger Bün gespillt hunn, virun engem richtege Publikum. Esou war dëst dann och eng gutt Preparatioun op wieder Optrëtter.

Meng zweet "LuxFactor"-Performance war am Joer 2019 an dës Kéier war ech besser preparéiert. Ech hunn de Song "Go Now" vum Adam Levine gesongen. Zesumme mat menger Gesangscoachin, dem Rebecca, hunn ech ee Mount u menger Performance geschafft.

De Gesang, d'Beweegung op der Bün, d'Gestikulatioun , den Ae-Kontakt an d'Interaktioun mat de Leit souz wéi aus dem FF. Op dës Leeschtung war ech enorm houfreg an. De Fait, dass ech och nach gewanne konnt, war natierlech d’Kiischt um Kuch.

D'Serie am Iwwerbléck