
Wann dat engem awer ze rezent ass, kann een eng Zäitrees an déi richteg gutt al Zäit maachen. Et brauch ee just eng Internetleitung...
1977. Torremolinos, Costa del Sol. De Franco ass zanter zwee Joer dout a Spuenien huet grad säin éischt Parlament gewielt.
Wärend der Diktatur gouf et keng Drogen a Spuenien, op d’mannst net offiziell, mä zu Torremolinos, engem klenge Fëscherduerf, wat duerch den Tourismus Geld unzitt, fänkt Marihuana un, sech breet ze maachen. Als Äntwert op Drogekriminalitéit gëtt d’Brigada Costa del Sol an d’Liewe geruff.
Véier Poliziste mat verschiddene Vergaangenheete kommen zesummen, fir déi spuenesch a marokkanesch Drogemafia z’entlarven, nodeems e klenge Schmuggler, den Eil, ëmbruecht gëtt. Säi Meedchen Yolanda baut duerfir Relatiounen zu de Polizisten an zu de Gangsteren op, fir erauszefannen, wien de Mäerder vun sengem Papp ass a fir seng Revanche ze huelen.
Pattes d’Eph, Kotletten a Schnurrbaart, Disco a Plage. D’Mise en Scène erënnert un al Fotoen aus der Vakanz a Spuenien oder u Serien wéi Starsky&Hutch. Dobäi ass och d’Geschicht vu Spuenien net onwichteg, si se dach eréischt kuerz eng Diktatur lass, déi bal 40 Joer gedauert huet an déi iwwerall hir Spueren hannerlooss huet.
Brigada Costa del Sol ass op Netflix mat enger Staffel ze gesinn.
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op Netflix
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix