Méi Sport, besser ernären, ophale mat fëmmen: dat si wuel nëmmen e puer vun de beléifte Virsätz, déi ee sech fir d'neit Joer reegelméisseg stellt. Een aneren? Méi liesen.

Net fir pessimistesch ze sinn, mä ee vun de Grënn, wisou déi Virsätz all Joer erëm sou beléift sinn a widderholl ginn, ass wuel, dass d'Motivatioun am Laf vum Joer sech am Sand verléiert an een all Januar rëm bei 0 ufänkt. Fir "méi Schlof", "besser ernären" an "ophale mat fëmmen" sinn ech wuel net qualifizéiert, Tipps ze ginn, mä villäicht hëllefen déi hei Punkten awer, fir dass 2024 d'Joer gëtt, an deem dir äert Zil vum "méi liesen" endlech erreecht.

1. Ziler setzen
Wa mir scho bei Ziler sinn: setzt iech een Zil, wéi vill Bicher dir an engem Joer wëllt liesen. Eng App wéi "Goodreads" kann dobäi hëllefen, een Iwwerbléck ze behalen, wéi vill Bicher dir gelies hutt a wéi no dir un ärem Zil sidd. Dës Weidere kann ee vergläichen, wéi et bei de Kolleegen an hire Lies-Ziler vum Joer leeft, a wéi eng Bicher si sou liesen, fir motivéiert ze bleiwen. Wichteg heibäi ass, dass et e realistescht Zil ass. Wann een 2023 keen eenzegt Buch fäerdeg gelies huet, leent ee sech eventuell ze vill op Motivatioun wann ee mengt, dass een 2024 eng 50 Bicher duerchkritt. Also léiwer e méi klengt, dofir awer realistescht Zil setzen a sech da freeën, wann een et fréi am Joer erreecht huet an toppt, ewéi iergendwann am Laf vum Joer realiséieren, dass een dem Challenge net gewuess ass, an et ganz opgëtt.

2. Eng Lëscht opstellen u Bicher, déi ee wëll liesen

Dofir kann ee souwuel déi vireg genannten App notzen oder einfach am Handy Notizbuch féieren (fir dass een et ëmmer prett huet, wann een am Bicher-Buttek steet). Wichteg ass, dass Bicher op der Lëscht stinn, déi ee wierklech interesséieren an op déi ee sech freet. Deen einfachsten an effikasste Wee fir nei Bicher-Recommandatiounen ze fannen ass natierlech, wann ee Leit a sengem Ëmfeld ka froen, déi vill liesen an déi eventuell änlech Bicher gären hu wéi mir. Vue dass dat awer net fir eis all eng Optioun ass, ass et jo gutt, dass et den Internet gëtt. Nieft "Goodreads" an Artikele kann ee sech och vun de Book-Toker, -Tuber a Gott weess wéi se sech all nennen, inspiréiere loossen. Motivatioun ass ustiechend an heiansdo hëlleft et mat aneren ze schwätzen, déi immens passionéiert vu Bicher sinn, oder sech Videoe vun deene Leit unzekucken.

3. Zäite fixéieren, fir ze liesen

Grad um Ufank kann et hëllefen, sech fix Zäiten ze setzen, wou den Handy op "Nicht Stören" steet a Computer an Tëlee ausbleiwen, fir dass ee sech komplett kann op säi Buch konzentréieren. Verschidde Leit huele sech Moies eng hallef Stonn. Ech perséinlech gehéieren éischter zu deenen, déi Owes virum schlofe goen nach gären e kuerzen Ausfluch an eng aner Welt maachen.

4. Verschidde Medien ausprobéieren

Obschonns mir eis eens sinn, dass näischt d'Gefill vun engem neie Buch am Grapp kann ersetzen, kann et hëllefen och emol aner Medien auszeprobéieren. Ech hat d'lescht Joer zum Beispill meng Léift zu mengem Kindle nei entdeckt, an hunn elo och ugefaangen, Hörbicher eng Chance ze ginn. Heiansdo brauch een einfach Ofwiesslung, a virun allem, wann ee méi déck Bicher wëll liesen, awer net onbedéngt mat ronderëm schleefen, kënnen dat Optioune sinn, déi et engem erméiglechen, d'Buch ëmmer parat ze hunn, wann een emol 10 Minutten am Laf vum Dag ze fëllen huet.