
Si waren als Renfort geruff ginn fir dem bayresche Roude Kräiz bei der Sich vun enger vermësster Persoun ze hëllefen. Bei der Persoun, enger Fra vun 38 Joer, bestoung d’Gefor, dass si sech d’Liewen huele wéilt.
Am fréien Dënschdegowend huet den “Joker”, Rettungshond vun der Croix Rouge a säin Hondsmeeschter, de Patrick Marcellino, déi vermësste Fra op engem Feld bei engem Séi erëmfonnt. Si wier bei gudder Gesondheet.
Eréischt virun enger knapper Woch hat e Flächesichhond vum CGDIS an der Belsch gehollef, eng Lëtzebuergerin, déi vermësst gouf, erëm ze fannen.
RTL-News: De Sonndesinterview mam Zoé Ast: “Mënsche gär ze hunn, ass fir e Mupp wichteg, fir bei d’Hondsstaffel ze kommen”
RTL-News: Hondsstaffel vum Roude Kräiz: D’Formatioun vun engem Rettungshond dauert e Liewe laang