En Donneschdeg geet et an dee schéinste Gaart aus der Regioun Osten: An de Blummendall bei d’Famill Breden. Eng Baach, e Gaart mat rustikalem Touch an eng super Vue op de Bësch. “Déi perfekte Plaz fir ofzeschalten”, sou beschreift d’Manon Breden hire Gaart.
Fir Musek suergt de Serge Tonnar, dee säin neit Lidd “Viva” virstellt. An de Maurizio Cavuoto, bekannt aus der Serie “Ausgesat”, deen ass fir eis dëst Kéier natierlech am Osten ënnerwee gewiescht. En Hauch vun der Musel konnt an dëser Sendung net feelen: Spezial-Gaascht ass dohier de Wënzer Claude Kox.
Gaarden-Tour (1): Zu Zolwer bei der Famill Hemmer
Gaarden-Tour (2): Zu Stroossen bei der Famill Mukhmadiev
Gaarden-Tour (3): Zu Wëntger bei der Famill Scholtes