Um 17 Auer de 4. Abrëll war eng grouss Erëffnungszeremonie, dono ass déi nei Hammerel-Bréck och nees fir den Trafic opgaangen.

No 50 Joer treien Déngscht war déi al Hammerel-Bréck, déi iwwer d'Gare zu Beetebuerg geet, am Juli 2024 ofgerappt ginn an duerch eng nei Bowstring-Bréck ersat ginn. Déi nei Bréck ass eng Stolkonstruktioun mat engem Bou. Si huet eng Längt vun 148 Meter, ass 22,5 Meter héich a bréngt ouni Probleemer 1.300 Tonnen op d'Wo. Dovunner ass eleng de mëttelsten Deel schonn 990 Tonne schwéier. De Bou gëtt vu 44 metallene Kabele gehalen.

De 4. Abrëll um 19 Auer ass déi nei Bréck fir de Verkéier opgaangen. D'Automobiliste kënnen also nees iwwer d'Gleiser am Häerze vu Beetebuerg fueren. Méi fréi um Owend  gouf d'Bréck offiziell ageweit a bei deem gudde Wieder waren net just d'Ministesch Yuriko Backes, de Buergermeeschter Laurent Zeimet, souwéi de Schäfferot do, fir d'Bändchen duerch ze schneiden, mä och vill Leit aus der Gemeng.

Déi al Pont Hammerel vun 1975 war an d’Jore komm. Iwwer 10.000 Gefierer hu se Dag fir Dag genotzt, an dat hat hir Spueren hannerlooss. Donieft huet se awer och net méi den neien Normen entsprach.

D'Reouverture no gutt engem Joer Bauzäit markéiert d'Enn vun enger laanger Period vun intensiver Aarbecht op der Gare vu Beetebuerg, déi net nëmmen de Stroosseverkéier op der N13, ma och de Schinneverkéier beanträchtegt huet.

D'Gare vu Beetebuerg ass den am zweethéchste frequentéierten Eisebunnsknoutepunkt zu Lëtzebuerg. 65 Deeg laang, vu Mëtt Juli bis Mëtt September, si keng Zich méi tëscht Beetebuerg an der Stad gefuer. Betraff waren net nëmme Leit aus dem Grand-Duché, ma och vill Frontalieren op de Linnen 90 (Nanzeg-Lëtzebuerg) a 60 (Esch/Rodange-Beetebuerg).

Déi nei Hammerel-Bréck ass nees op fir den Trafic
Am Juli 2024 war se ofgerappt ginn an eng nei Bowstring-Bréck ersat. E Freideg um 17 Auer war d'Erëffnungszeremonie.