De Skandal am Schluechthaus zu Baaschtnech an der Belsch weist eppes. Bei der Kommunikatioun an der Informatioun vun de Bierger huet sech, trotz all de Liewensmëttelskandaler an der Vergaangenheet, näischt geännert.

AUDIO: Tëscheruff Kontraproduktiv Salamitaktik - Claude Zeimetz

Fernand Etgen: Et kann ee wierklech nëmmen de Konsumente rode hei zu Lëtzebuerg Fleesch ze kafen, well een do bal d'Garantie huet, datt sou eppes wéi dat doten, sou e kriminellt Virgoen an deem Ausmooss hei zu Lëtzebuerg net ka geschéien.

Dat hei sinn d’Aussoen vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen virun enger Woch bei eis am Moiesjournal. Eng Kollegin sot als Reaktioun dorobber nach, do huet sech awer ee schéi wäit aus der Fënster geleeënt. An effektiv, et sollt net laang dauere bis bekannt gouf, datt och Lëtzebuerger Fleesch zu Baaschtnech am viséierte Schluechthaus geschluecht gouf. D’Autoritéiten hunn dat allerdéngs net vu sech communiquéiert, sou wéi een et erwaarde kéint. Et huet missen eng urgent parlamentaresch Fro gestallt ginn, fir datt déi breet Ëffentlechkeet gewuer gouf, datt eleng zejoert 1400 Ranner vu Lëtzebuerger Betriber zu Baaschtnech  geschluecht goufen, dovunner der 230 ënnert dem Label Naturschutzfleesch. Dat Fleesch wier zwar net vum Skandal betraff, steet nach an der Äntwert ze liesen, et gouf awer grad sou aus de Rayone geholl wéi d’Ochseschwänz an d’Gehacktes vun deenen den 9. Mäerz schonn e Communiqué geschéckt gouf. Deen Ament gouf gesot, datt d'Supermarchéë präventiv all d’Produiten, déi vu Baaschtnech geliwwert goufen, aus Precautioun aus der Vente geholl goufen.

Sou wäit, sou gutt.

Firwat awer déi eng Zort Fleesch explizit genannt gëtt an iwwert déi aner, déi och nach hei aus dem Land kënnt, kee Wuert verluer gëtt, dat muss mer een erklären. D’Ausried „et wéilt een de Konsument net nach méi veronsécheren",  loossen ech hei op alle Fall net gëllen. Sécher ass et bei de Liewensmëttel extrem schwéier séier en detailléierten Iwwerbléck ze hunn, an awer, wann een ëmmer erëm gesäit, datt d’Kommunikatioun tëscht de verschiddenen Instanzen oder de verschiddene Länner net klappt, da muss déi ee fir alle mol op de Leescht geholl ginn.

Onverständlech ass virun allem och, wéi wéineg een a sou Fäll dach ëmmer de Konsumenteschutzministère héiert, deen extra an dëser Legislatur geschafe gouf. Ech wetten, vun Iech wësse mol vill Leit guer net, datt mer iwwerhaapt sou eppes hunn. Minister ass iwwregens de Fernand Etgen.

Onverständlech och, datt déi  Ministeren, déi vun der parlamentarescher Fro viséiert waren, dat heescht de Landwirtschafts- a Konsumenteschutzminister Fernand Etgen an d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, trotz Nofro, eis bis ewell keng zousätzlech Erklärunge wollten an de Mikro ginn. Et gëtt léiwer Ping Pong mat der Responsabilitéit gespillt. E Verhalen wat symptomatesch ass, wann ee léiwer net mat kritesche Froen oder onkamoude Reproche konfrontéiert gëtt.

Dobäi war et dach dës Regierung, déi ee fir alle mol dach wollt vum sougenannte Silosdenke fortkommen. Oder et gëtt just e Communiqué geschéckt. Do kann dann op d'mannst keen nofroen.