Walprogrammer gëtt et nach net an och déi meeschte Kandidatelëschte sinn nach net publizéiert. Op Basis vum aktuelle Politmonitor a vu sengem eegene Bauchgefill versicht de Pit Everling d'Ausgangspositiounen elo bëssen ze analyséieren. Ee Constat ass deen, datt villes sech ëm Stabilitéit an ëm déi Blo kéint dréien.

De Commentaire vum Pit Everling

Wat am Politmonitor opfält ass, datt de Wieler, also de Lëtzebuerger, am Moment wuel keng Changementer wëll.

D'Regierung huet zwar bei wäitem net de ganze Koalitiounsaccord ëmgesat. Si huet et - trotz Krisen - awer fäerdeg bruecht, datt d'Confort-Zon fir d'Leit erhale bleift... a genee do wëllen déi och bleiwen.

Stéchwuert: Stabilitéit a Kontinuitéit

D'DP steet entretemps fir dee Status Quo, de séchere Wee, dee fréier eng aner Partei versprach huet. Näischt ubrenne loossen, net unecken, nëmme keng falsch Kommunikatioun, keng Kontroversen, dofir vill Selfien. Déi Strategie schéngt opzegoen. Just d'Cheffin um Knuedler danzt alt aus der Rei, ma och déi Strategie klappt. D'DP an d'Zuchpäerd Xavier Bettel kéinten an den nächste Koalitiounsverhandlungen eng gréisser Roll spillen.

D'LSAP huet zwar zu aler Kraaft erëm fonnt an d'Gemengewale waren ok, allerdéngs ass d'Pandemie "passée" an den Effet Paulette Lenert léisst no. D'LSAP wëll fir den Hierscht mat lénken Theme punkten, fir sech vum politesche Mainstream aus der Mëtt ze demarkéieren. Allerdéngs bleift ofzewaarden, ob d'Spëtzekandidatin déi sozialistesch Wäerter no baussen och credibel verkierpert kritt. Mat Bloen a Schwaarze gouf et no de Gemengewale plazeweis Buttek, wat en Impakt op d'Stëmmung bei eventuelle Koalitiounsverhandlungen kéint hunn.

Och déi Gréng musse versichen déi eegen Theme un d'Leit ze bréngen. Déi Gréng sinn am Moment de Maillon faible am Dräier-Club. D'Kommunalwale waren net gutt. D'Perceptioun dobausse war scho mol besser. Derbäi komme schwiereg Ministèren mat duerchwuessenem Bilan, wéi de Logement. Da sinn déi Gréng och bausst hirem Elektorat villen Hostilitéiten ausgesat.

Friede(n), Freude, Eierkuchen! Déi Rechnung schéngt zum Deel opzegoen. Déi Chrëschtlech-Sozial erkrabbelen sech lues vum historeschen Déif a schwätzen déi Leit un, déi mat der Dräier-Koalitioun d'Nues voll hunn an déi sech mam politesche Modell aus den 2000er Jore besser zu Recht fonnt hunn. D'CSV huet awer e Problem fir jonk Wieler unzeschwätzen, wat och um "C" kéint leien. De Politmonitor confirméiert, datt de Spëtzekandidat Luc Frieden virun allem bei de Wieler iwwer 65 Joer gutt ukënnt. D'Leit gi jo och ëmmer méi al. Mat der DP war ee bei de Gemengewalen op Kuschel-Kurs. Sollt et op nationalem Niveau zu Gespréicher kommen dierft d'Junior-Senior-Fro interessant ginn.

Komme mer bei déi méi kleng Acteuren.

D'Piraten hunn de Polit-Zirkus bëssen op d'Kopp gehäit. 16% vun de Leit fannen, datt si an eng Regierung gehéieren. Nieft Protestwieler zéien si virun allem déi Leit un, déi sech an den historesche politesche Lénks-Riets-Mechanismen net rëm fannen, sollt et déi dann nach ginn. D'Gemengewale hunn awer gewisen, datt déi etabléiert Partei sech schwéier di mat enger Zesummenaarbecht, well kee weess, firwat d'Pirate stinn, d'Pirate vläicht selwer net.

D'ADR hält sech riets vun der Mëtt a sprécht virun allem d'Géigner vun der Gauche a vun de Gréngen un. Et bleift ofzewaarden, wat internt Ramouers ewéi d'Causa Roy Reding fir en Impakt op d'Walen huet. Wat eventuell Koalitioune mat der ADR ugeet wénken déi aner quasi all of.

Nieft de Grénge sinn och déi Lénk beim Stëmmungstest Gemengewalen duerchgefall. D'sozial Theme schéngen zwar aktuell, d'Léisunge vun déi Lénk awer net unzekommen, vläicht well se ville Leit ze haart sinn.

Dann däerf ee gespaant sinn, wat fir kleng Parteie mat an d'Course wäerte goen.

Fir Fokus ronderëm de Fränk Engel geet et am Oktober carrement ëm d'Zukunft, nodeems d'Gemengewale fir déi nei Partei an d'd'Box gaange sinn.

Ceci dit:

Bis den Hierscht leeft vläicht nach vill Waasser de Bierg erof.