A ville Foren um Internet tausche Géigner vun der Technologie sech zanter Joren driwwer aus. En neit Argument awer ass, dass ee mat der Pandemie e sougenannte 5G-Syndrom géif probéieren ze vertuschen. Verschidde Skeptiker gesi just nach en Auswee am Vandalismus.
Nach dëser Deeg haten d’Rettungsdéngschter a Groussbritannien mat enger Rëtsch Attacken op Telefonsmasten ze doen. Hir Motivatioun staamt vu Verschwörungstheoretiker, déi d’Verbreedung vum Sars-CoV-2 op d’5G-Technologie zréckféieren.
Déi meescht Verschwörungstheorië sinn dat wat se sinn: just Theorien, ganz dacks zimmlech abstruser, ouni wëssenschaftlech Grondlag. Mam ganz konkrete Resultat awer, dass a Groussbritannien 60 Antenne futti sinn. Zum Deel gouf och déi liewenswichteg Kommunikatioun an der Pandemie ënnert de Rettungsdéngschter domat verhënnert. Zu vergläichbaren Attacke koum et och an der EU: an Holland, an Irland an op Zypern.
Et ginn e sëllege Verschwörungen dobaussen. Jidderee ka sech déi eraussichen, déi him am beschte gefält: Mordfall JFK, Moundlandung, Freimaurerei, Chem Trails, gefälschte Walen, Area 51.
Verbreet ginn déi dacks mat den Hoer erbäigezunnen Theorien d’selwecht wéi Fake News: iwwer sozial Netzwierker wéi Facebook.
De Mark Zuckerberg, CEO vu Facebook: Zum Beispill wann ee seet eppes wier e Medikament géint de Virus. Wann et net wouer ass, huele mer et erof. Et ginn honnertdausenden esou Fäll vu geféierleche Falschinformatiounen. En anert Beispill ass d’5G-Falschinformatioun, déi zu Vandalismus gefouert huet an dem Zerstéiere vu 5G-Infrastrukturen, wouduerch Mënsche kënnen zu Schued kommen, an dat huele mer erof. Et gouf honnertdausende Fäll mat esou Contenu.
Vu Groussbritannien iwwert Däitschland, an den USA an an Australien – ronderëm de ganze Globus verstreet fënnt sech kuriéiserweis ëmmer eng Masse critique vu Gleewege vun – léif ausgedréckt – alternative Wourechten. D’Wëssenschaft huet mat engem enorme Verloscht vu Glafwierdegkeet ze kämpfen. Dat wat och bei enger Maniff zu Melbourne virum Parlament vum Staat Victoria, den 10 Mee ze gesinn.
Prof. Brendan Murphy, Chef-Medezinner vun Australien: Et gi leider immens vill där dommer Falschinformatiounen dobaussen. Et gëtt kee Beweis, dass 5G iergendeppes mam Coronavirus ze doen hätt. Ech gouf leider ganz dacks vun esou Verschwörungstheoretiker ugeschwat. Et ass komplette Blödsinn. 5G huet iwwerhaapt näischt mam Coronavirus ze doen.
De Mathias Foehr ass ee vun deenen, déi hei zu Lëtzebuerg hannert der 5G-Petitioun stiechen, déi elo genuch Ënnerschrëfte krut, fir dass ee sech och um Krautmaart muss mam Thema befaassen. Seng Bedenken? Déi elektromagnéitesch Welle vum 5G géifen op de mënschlechen Immunsystem wierken.
Am Iran muss et dann awer eng aner Explikatioun gi fir d’Immunschwächt. D’Land zielt zu engem vun de gréissten Hotspots weltwäit vu COVID-19, huet allerdéngs nach net een eenzege 5G-Poteau. E groussen Deel vum Land ass emol net op 4, mee op 3G.
A wéi se geklappt hunn owes op de Balconen, fir d’éischt an Italien, duerno quasi ronderëm d’Welt, sou déi vun Totalskepsis gedriwwe Komplottisten, war dat, fir dat zäitgläicht Geräisch vun den Tester vun den Antennen ze iwwerstëmmen.
Ursula von der Leyen, EU-Kommissiounspresidentin: Déi nächst Generatioun EU wäert den EU-Bannemaart nei opbauen. Dëse grousse Produzent vun Innovatioun, Wuelstand an Opportunitéit. All EU-Memberland muss an nei Technologien investéieren, fir dass mer zu neier Innovatioun a propperer Industrie kommen. Déi nächst Generatioun stäerkt de Green Deal an de Recherche-Programm “Horizon Europe” wäert a Schlësselinfrastrukture wéi 5G investéieren. Mir mussen duerfir suergen, dass an enger klimaneutraler Wirtschaft keen ausgeschloss gëtt.
Een dee sech bis ewell ëmmer ausgeschloss gefillt huet ass och e selwer ernannten Dokter, den Thomas Cowan. E freet an engem Seminär wat déi éischt komplett vu 5G ofgedeckte Stad op der Welt war a seng Schüler mengen d’Äntwert ze kennen.
Dës ass awer falsch. Vill Stied a Südkorea an an den USA hate komplett 5G-Réseauen operationell laang viru Wuhan.

Serie Verschwörung (3): Wëll Theorien a Fakten iwwer Impfstoff-Entwécklung fir Sars-CoV-2 Serie Verschwörung (2): Mëssverstoen, Fake News oder geziilt Ierféieren?Serie Verschwörung (1): Coronavirus scho bei Militär-WM 2019 zu Wuhan ausgebrach?