Am 20. Deel vun eiser Serie iwwert d'CNS geet et ëm de Congé pour des raisons familiales.

2015 gouf iwwer 42.000 mol e "Congé pour des raisons familiales" ugefrot. An dee muss een och ufroen, wann een doheem bei engem kranke Kand wëll bleiwen.

An eiser Serie iwwert d'CNS ginn mer mam Tim Morizet déi nächst Wochen méi genau op méi speziell Congéen an. Ugefaangen mam Congé aus familiäre Grënn.

AUDIO: CNS-Serie (20. Deel) - Congé aus familiäre Grënn

Jiddereen, deen zu Lëtzebuerg schafft oder Independant ass, kann esou ee Congé ufroen am Fall vun enger Krankheet oder engem Accident vun sengem Kand. D'Konditioun ass, datt dat Kand net méi al wéi 15, ausser et hätt eng Behënnerung.

Ma wat sinn hei d'Formalitéiten? Wat muss ech maachen, fir den CRF ze kréien? De Gaston Fischer, Assistant Projet bei der CNS erkläert, dass een en Zertifikat vum Dokter brauch, dee spéitstens den 3. Dag op der CNS muss virgeluecht ginn. Op Deem Zertifkat muss d'Ursaach vum Congé dokumentéiert sinn.

Fir all Kand huet een d'Recht op 2 Deeg Congé am Joer. Dat gëllt fir all Elterendeel. Wann een awer sollt en Kand mat Behënnerung hunn, gëtt des Period automatesch op 4 Deeg verlängert. eng weider Verlängerung kann ee ufroen, am Fall, wou et sech ëm eng Kriibskrankheet an engem evolutive Stadium handelt oder bei enger Pathologie, déi e Spidolsopenthalt vun 2 Wochen an er Reanimatioun noutwenneg mécht. Do muss awer e kompletten Dossier virgeluecht ginn, deen d'Situatioun dokumentéiert.

De Congé aus familiären Grënn kann awer och opgespléckt ginn. Ma dat klengst wat een däerf goen sinn hallef Deeg.

Wann een nach an der Proufzäit ass, däerf ee sech dëse Congé och huelen. Gläichzäiteg verlängert sech d'Proufzäit awer och mat den Deeg, déi ee sech fräi hëlt an dat bis zu engem Mount.

Ma wéi gesinn dann d'Modalitéite vun der Bezuelung aus?

Am Prinzip bezilt de Patron de Salaire virun, andeems hien d'Indemnitéit vum Congé pour raison familiale virstreckt, a se da rembourséiert kritt.

Wann een awer elo selwer Krankegeld vun der CNS kritt, da gëtt des Indemnitéit och direkt vun der CNS ausbezuelt.

Am nächsten Deel geet et ëm de Congé fir d'Stierwebegleedung.