D'Gare ass iwwert déi lescht Joer, ëmmer méi zu engem Deel vun der Stad ginn, an deem Drogen a Kriminalitéit zum Alldag gehéieren. D'Leit hunn es genuch.

D'Sécherheet op der Gare war d'Iwwerschrëft vun enger Versammlung, op déi d'Awunner an d'Geschäftsleit aus dem Garer Quartier, e Mëttwoch den Owend invitéiert waren. Do gouf iwwer d'Präsenz vun Drogenhandel, Drogekonsumenten, Sans-Abrisen an Heescheleit geschwat, déi antëscht op der Gare zum Alldag gehéieren an duerch en Zouhuele vun der Kriminalitéit, d'Liewen an d'Schaffen an dësem Deel vun der Stad ëmmer méi komplizéiert maachen.

"Dir hutt komplett Recht, dës Situatioun ass net méi ze droen", "Mir sinn derbäi eppes z'ënnerhuelen", "Mir verstinn Iech". Dat sinn grosso modo d'Aussoe vun der Politik un d'Bierger vun der Stater Gare déi  e Mëttwoch den Owend Kloertext geschwat hunn.

Biergerversammlung Stater Gare / Reportage Annick Goerens

Eng 800 Leit wäerten op der Biergerversammlung gewiescht sinn. Mat souvill Undrang hat ee wuel net gerechent an et goufen nach zousätzlech Still an de Sall bruecht. Vill Leit stoungen an et goufen och net genuch Casquë fir d'Traductioun op Franséisch. Dat war de Leit awer egal. Et war een schliisslech do fir sengem Ierger Loft ze loossen.

D'Chiffere vun der Police schwätzen och eng däitlech Sprooch: 2018 goufen et am Stater Quartier ronn 3.960 Affären an zu Bouneweg 2.260. Zu Gaasperech zum Beispill just 500. De Policeminister François Bausch huet eng kloer Léisung:

"Um Fong léisen heescht fir mech, dat soen ech ganz däitlech, dass déi nigerianesch Mafia d'Handwierk muss geluecht kréien. Dat ass den A an den O. Wa mer dat net fäerdeg kréien, da kënne mer sou vill Aktioune maache wéi mer wëllen, souvill Kameraen ophänke wéi mer wëllen. A fir dat ze kréien, mussen mer zesummeschaffen."

D'Situatioun wär net méi ze droen, gëtt och d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer zou. Et wären iwwer  400.000 Sprëtze vum Service d'Hygiène vun der Stad gesammelt ginn. Et kéint awer just zesumme besser ginn, d'Gemeng Lëtzebuerg, d'Police, d'Justiz an de Gesondheetsministere sollen elo zesummeschaffen fir de Problem an de Grëff ze kréien.

Nächsten Rendez-vous gëtt d'Buergermeeschtesch de Bierger a 6 Méint.

Den Alldag fir d'Awunner vum Garer Quartier stoung och am Mëttelpunkt vun eiser Emissioun Kloertext, an där e Mëttwoch déi zu Wuert koumen, déi es genuch hu mat dëser Situatioun.

Schreiwes CSV

D'CSV weist sech extrem besuergt iwwer déi dramatesch Situatioun am Garer Quartier, déi nach emol gëschter Owend an enger gutt besichter ëffentlecher Versammlung thematiséiert ginn ass.
Déi organiséiert Drogekriminalitéit, hannert där déi nigerianesch Mafia stécht, an awer och de Vandalismus, Déifstall an Aggressiounen géintiwwer Fraen huelen dramatesch zou.
D'Awunner aus dem Garer Quartier bedaueren de Mangel vun Policepatrullen an Präsenz vu Polizisten um Terrain.
D'CSV ass schockéiert iwwert dës Situatioun. An engem Rechtsstaat dierfen et keng rechtsfräi Zone ginn. Dat ass eng Kapitulatioun vun engem vun deenen fundamentalen Missiounen vun engem Staat.
Aus dëse Grënn fuerdert d'CSV d'Regierung, a besonnesch d'Ministeren fir bannent Sécherheet, Justiz, Immigratioun an Santé op, fir mat alle méiglechen Mëttel ze intervenéieren, fir de Bierger den ëffentleche Raum erëm ze ginn.