Bréif vum Grand-DucLuc Heuschling: Privatliewe vun der Monarchie soll kloer definéiert ginn

Fanny Kinsch
Ass de Bréif vum Grand-Duc Henri vun e Méindeg, an deem hie sech viru seng Fra Maria Teresa stellt, am Aklang mat der Verfassung oder net?

Wéi kann een dem Grand-Duc Henri säi Bréif, an deem hie seng Fra Maria Teresa a Schutz hëlt, vun engem rechtleche Point de vue interpretéieren? De Verfassungsexpert a Professer op der Uni Lëtzebuerg, Luc Heuschling, schwätzt vun enger Grozon, et wéist een nämlech net, ob et ëm eng privat Ugeleeënheet géif goen oder net.

De Luc Heuschling iwwert de Bréif vum Grand-Duc

"Sinn dat elo Kriticken, déi d'Groussherzogin als Privatpersoun concernéieren? Dann ass et eng Privatsaach an da reagéiert den Henri als Mann vun enger Privatpersoun an da géife mer jo éischter intuitiv soen, da musse mer och wéi bei enger anerer normaler Privatpersoun reagéieren. Wann den Henri dann direkt d'Wuert agräift, ass dat normal. Wa mer awer soen, mir si vläicht net an enger renger Privatsaach, mir sinn an enger staatlecher Affär, dass den Henri iergendwéi indirekt do concernéiert ass als Staatschef, dann hu mer eng aner Reflexioun, well da kommen nämlech verschidde Reegelen an d'Spill, déi awer net ganz kloer sinn."

Fir de Staatsminister ass et e private Message, an deem de Grand-Duc net als Staatsvertrieder schwätzt. Ma genee dat Privatliewe vum Grand-Duc ass net definéiert, seet de Luc Heuschling am Interview mam Fanny Kinsch, an do kéint een elo vum Moment profitéieren, fir nozebesseren.

D'Regierung misst hei méi genee wëssen, a wéi engem Domän et wier, esou de Luc Heuschling, a wann et eng staatlech Affär wier, wier d'Regierung responsabel, esouguer wa se am Virfeld näischt vum Bréif wousst.

"Wann den Henri elo der Maria Teresa e Bouquet Blummen offréiert, da si mer am Privatliewen. Ganz kloer. Wa mer elo géife froen - wie misst dat bezuelen? - da géife mer soen, am Prinzip misst dat net de Staat sinn. Mä vun deem ganz ganz einfache Beispill, wa mer dann e bësse méi wäit ginn, da fanne mer direkt Beispiller, wou mer net méi genee wëssen. An dat ass dee grousse Problem."

D'Iddi, datt och Membere vun Dynastien e Privatliewen hätten, wier relativ nei an och wann dat Konzept haut normal wier, wieren d'Reegelen awer ni offiziell definéiert ginn. Et wier Deel vun der Moderniséierung, dat kloer ze stellen.

"An dat ass den Challenge fir d'Zukunft, datt mer eigentlech déi hei Kris elo just benotzen, fir elo net nach eng Kéier iwwert d'Maria Teresa ze schwätzen, dat ass eng Persoun, mä ganz einfach ze soen: schwätze mer iwwert d'Reegelen, schwätze mer iwwert de System, de Regime."

Beim Bréif vum Grand-Duc Henri stellt sech rechtlech gesinn awer och nach eng aner Fro. An der Verfassung steet "les dispositions du Grand-Duc doivent être contresignées par un membre du Gouvernement responsable", dat géif och heeschen, datt d'Regierung responsabel ass. Hei géing et allerdéngs ëm en Discours an do wier d'Fro vun der Responsabilitéit manner kloer, anescht wéi zum Beispill an der Belsch.

"Alles, wat iergendwéi, och nëmme vage politesch ass, da muss direkt e Minister dobäi sinn an dat assuméieren. An dowéinst hunn d'Belsch scho säit ganz laangem gesot, säit dem 19. Joerhonnert, dass e Minister muss all Discours, d'Responsabilitéit assuméieren, dass esouguer de Minister dann den Discours validéieren, entweder à posteriori oder scho vu virun den Discours selwer schreiwen a sou weider. Dat heescht, dat hu mer jo hei och net richteg."

De Verfassungsexpert Luc Heuschling
D'Privatliewe vum Staatschef a vu senger Famill wier net kloer definéiert. D'Regierung misst hei méi genee wëssen, a wéi engem Domän et wier...

Aus dem Staatsministère huet et op eis Nofro hi geheescht, de Grand-Duc hätt e private Message gedeelt an net staatsvertriedent kommunizéiert.

Stéphane Bern iwwer Waringo-Rapport: "D'Grande-Duchesse ass Affer vu Machismus"
Dir hutt d'Wuert: Waringo-Rapport / Reaktioun Grand-Duc: Wat ass Är Meenung?
Tëscheruff vum Roy Grotz - Message vum Haff: eng souverän Reaktioun?
Waringo-Rapport ofgeschloss - De Grand-Duc reagéiert: "Firwat eng Fra attackéieren?"
Ze fréi fir Konklusiounen - Politesch Reaktiounen op d'Schreiwes vum Grand-Duc

Back to Top
CIM LOGO