CoronavirusWat maachen ech elo, wann ech krank sinn?

Annick Goerens
Lynn Cruchten
Vun e Freideg 14 Auer u fonctionéiere 4 Centres de soins avancés hei am Land.
Wéi fonctionéieren déi nei "Centres de soins avancés"?
Vun e Freideg 14 Auer u fonctionéiere 4 Centres de soins avancés hei am Land.

Wie sech elo krank spiert, egal ob ee selwer mengt de Coronavirus ze hunn oder net, huet elo zwou Optiounen:

Wat maachen, wann ech krank sinn?/Reportage Annick Goerens

Optioun 1:

Et kann ee sech engersäits op der neier Plattform vun der E-Santé umellen an do iwwer Videokonferenz mat sengem Generalist schwätzen a berode ginn, virausgesat natierlech, béid hunn eng Kamera um Computer.

De Christian Oberlé, President vun der Gesondheetskeess an der Agence E-Santé erkläert, dass dëst immens praktesch ass. Iwwer de Wee kann een och ganz einfach d’Rechnung, e “Certificat d’incapacité de travail” oder eng Ordonnance fir an d’Apdikt schécken. Och eng Prescriptioun fir en Test am Labo ass iwwer dee Wee méiglech.

Dës Video-Consultatioun kascht d’nämmlecht vill wéi eng normal Consultatioun beim Hausdokter. Fir eeler Leit oder fir Persounen, déi keen Internet-Accès hunn, respektiv net gutt mat deem System eens ginn, gëllt weiderhin, dass se hiren Dokter iwwer Telefon kënnen uruffen.

Optioun 2:

Vun e Freideg 14 Auer u fonctionéiere 4 Centres de soins avancés hei am Land.

Am Norden: Däichhal zu Ettelbréck

Am Zentrum: Luxexpo an der Stad

Am Süden: Rockhal zu Esch

Am Osten: Centre Culturel zu Gréiwemaacher

Triage

Direkt, wann de Patient ukënnt, da kënnt een an een éischten Triage, fir kënnen an eng vun zwou Filièren agedeelt ze ginn. Eng protegéiert Filière fir Patienten, déi potentiell mam Covid-19 infizéiert sinn an eng net-protegéiert Filière fir Patienten, déi mat engem anere Gesondheetsproblem kommen. D’Protektiounsmesuren, déi geholl ginn, sinn awer a béide Filièren identesch. All Patient, deen am CSA ukënnt, kritt vun Ufank un eng Mask.

D’Fleegepersonal kritt déi nämmlecht Dispositiffen, fir sech ze protegéieren, nämlech eng Mask, Händchen an eng speziell Tenue, egal a wéi enger Filière si schaffen.

1.Etapp – administrativ Infoen

An enger éischter Etapp ginn déi administrativ Donnéeë vum Patient geholl, fir kënnen e Suivi vun de Resultater a vun der Prise en charge ze garantéieren. Duerno kënnt eng Infirmière, fir verschidden Donnéeën ze huelen, wéi zum Beispill d’Temperatur, déi duerno fir den Dokter wichteg sinn.

2. Etapp - Examen clinique vum Dokter

Duerno gesäit den Dokter de Patient, an enger spezieller Box, fir den examen clinique ze maachen, deen hie fir néideg hält, dat natierlech mat all de Sécherheetsreegelen, déi an dësem Kontext wichteg sinn.
Den Dokter kann dann direkt, wann néideg ee Certificat d’incapacité de travail schreiwen, eng Ordonnance fir d’Apdikt an eng Prescriptioun, fir een Test am Labo ze maache fir een Depistage vum Covid-19.

3. Etapp – net fir all Mënsch – eventuell een Test op Covid-19 am CSA

Dësen Test gëtt direkt no der Consultatioun mam Dokter gemaach. Direkt an der Filière.

4. Etapp – Entweder heem oder an d’Spidol

Duerno gëtt de Patient bei d’Sortie orientéiert, entweder fir heem ze goen oder fir eng Prise en charge an der Ambulanz, wann et néideg ass, fir de Patient an d’Spidol ze bréngen.

Heefeg gestallte Froen

Ouvertureszäiten?

Vun 8 bis 20 Auer an och de Weekend, eventuell kënnen d’Ouvertureszäite jee no Besoin an Zukunft verlängert ginn.

Wat muss een do bezuelen?

D’Consultatioun an engem Centre de soins avancés ass gratis. D’Patienten, déi laanschtkommen, musse just hir Kaart vun der CNS matbréngen an eng Carte d’identité.

Brauch een eng Ordonnance fir an een CSA?

Nee, et brauch ee keng Ordonnance. Den CSA fonctionéiert wéi eng Maison médicale. Et kann ee selwer decidéieren, ob ee wëll dohigoen, fir vun engem Dokter physesch gesinn ze ginn oder ob ee léiwer eng Video-Consultatioun (zum Tarif vun enger normaler Consultatioun) iwwert déi nei Plattform vun der e-Santé wëll maachen.

Wat maachen ech, wann ech eng Urgence hunn?

Weiderhin den 112 ruffen an op eng Ambulanz, respektiv op de Samu waarden. Wann d’Urgence awer wéinst dem Covid-19 ass, dann soll een an den CSA goen.

Wéi vill Patiente kënnen do traitéiert ginn?

Zum Beispill kéinten an der Luxexpo 1.500 Patienten den Dag traitéiert ginn a bis zu 25 Patiente parallel.

PDF: Grafik vum Fonktionnement vun engem CSA

Back to Top
CIM LOGO