Entrevue tëscht Regierung, Gewerkschaften a PatronatPrinzipiellen Accord beim Chômage partiel fonnt ginn

Frank Goetz
E Mëttwoch de Moie soll am Regierungsrot iwwert d'Resultat vun de Verhandlungen ofgestëmmt ginn.
Prinzipiellen Accord beim Chômage partiel fonnt ginn
E Mëttwoch de Moie soll am Regierungsrot iwwert d’Resultat vun de Verhandlungen tëscht Regierung, Gewerkschaften a Patronat ofgestëmmt ginn.

Den Aarbechtsminister Dan Kersch geet dovunner aus, datt eng Léisung fonnt ass, wéi d’Instrument Kuerzaarbecht bis Enn vum Joer funktionéiere soll.

Bal 3 Stonne souze Regierung, Gewerkschaften a Patronat en Dënschdeg am Nomëtteg am Wirtschaftsministère zesummen. An um Enn huet sech gewisen, datt et schonn derwäert ass, fir mateneen ze schwätzen. D’Sozialpartner si sech prinzipiell eens, ënner wéi eng Krittäre bis Enn vum Joer d’Betriber vum Chômage partiel profitéiere kënnen.

“Kee Selbstbedienungsladen”

De Minister ass ganz zefridden, wéi jiddweree säint dozou bäigedroen huet, fir eng Léisung ze fannen. “Jiddereen huet missen e bësse Waasser a säi Wäi schëdden”, sou den Dan Kersch direkt no der Sëtzung. Den Haaptpunkt wär deen, datt esou mann wéi méiglech Leit an de Chômage kommen an op där anerer Säit awer och kee “Selbstbedienungsladen” aus dem Chômage partiel ze maachen.

Detailer konnt de Minister en Dënschdeg nach keng ginn an och d’Gewerkschaften an d’Patronat wollten nach näischt soen, well dësen Accord e Mëttwoch de Moien an de Regierungsrot kënnt.

Et ass mat d’Haapt-Instrument fir eng sozial Kris, no Covid, ze verhënneren. Dofir ass et extreem wichteg, dass de Chômage partiel, d’Kuerzaarbecht, bis Enn vum Joer weider geet. Op deem Punkt ware sech Regierung, Gewerkschaften a Patronat eens. Fir d’Regierung ass awer kloer, dass bei der grousser Unzuel vun Demanden a bei elo schonn engem Käschtepunkt vu bal 800 Milliounen Euro, Krittäre musse festgeluecht ginn, wéini e Betrib vun der Kuerzaarbecht profitéieren kann. An déi Krittäre goufen elo tëscht de Sozialpartner verhandelt.

Vill Gespréichsbedarf bei de Covid-Gesetzer

Wann d’Regierung e Mëttwoch de Moien d’Gewerkschaften an d’Patronat nees fir Eenzelgespréicher gesäit, dierften awer och déi ominéis Covid-Gesetzer Sujet sinn, also déi Texter, déi d’Zäit nom Etat de crise solle reegelen. An do schéngt et nach vill Gespréichsbedarf ze ginn.

An hirer aktueller Form dierfte se op alle Fall net gestëmmt ginn, schreift nämlech de CGFP-President Romain Wolff op Facebook a stellt d’Fro no der Proportionalitéit.

Hien wier gespaant, wat de Staatsrot an d’Dateschutz-Kommissioun derzou ze soen hätten. Kritesch Stëmmen aus der Chamber vermësst de Chef vun der Staatsbeamtegewerkschaft Et géif ëm Grondrechter- a Grondfräiheete vun alle Bierger goen, an dofir misste sech eis gewielten Volleksvertrieder och elo asetzen. Nach géife jo e puer Deeg bleiwen, schreift de Romain Wolff.

LINK: Invité vun der Redaktioun (9. Juni) - Dan Kersch “Matten an enger Diskussioun dréit ee keng Detailer an d’Ëffentlechkeet”
RTL-News: Wee aus der Kris: Gewerkschafte schwätze vu konstruktiver Gespréichsronn mat Regierung.

Back to Top
CIM LOGO