Wéi finanzéiere mer d’Kris? - D'Reaktioune vun den anere Parteien
Wéi gesinn aner Parteien d'Proposen iwwert eng Verméigens- an Ierfschaftssteier, wann och mat Abattementen? Wéi ass d'Kris ze finanzéieren?
Dat si Froen, déi RTL der LSAP an deene Gréngen, awer natierlech och der ADR, deene Lénken an de Pirate gestallt huet. D'DP gouf net vergiess, ma do krute mer keen Interview, well déi zoustänneg Leit den Ament an der Vakanz sinn.
D'Parteipresidentin Corinne Cahen huet awer an engem Telefonsgespréich ënnerstrach, datt weider dat gëllt, wat am Walprogramm vun 2018 stoung an do war d'DP kategoresch géint eng Ierfschaftssteier an direkter Linn.
Bei de Regierungskolleegen aus der LSAP ass d'Iddi vum CSV-President Fränk Engel däitlech besser ukomm. De sozialistesche Minister Franz Fayot: "Ech fannen et gutt, well et si wichteg Themen, ech fannen et awer och e bëssen amüsant, well ech ka mech nach gutt drun erënneren, wéi hefteg a wéi allergesch ech attackéiert gouf vun den Deputéierte Mosar a Roth vun der CSV an der Chamber all Kéier wann ech déi Wierder nëmmen an de Mond geholl hunn. Ech ginn dann dovunner aus, datt se sech an Zukunft méi verhalen dozou äusseren."
Jo, zu Lëtzebuerg muss iwwert d'Verdeelungsgerechtegkeet diskutéiert ginn, seet de François Bausch, de grénge Vizepremier. En Tabu dierf et a sengen Aen net ginn. Elo den Ament géif et fir hien awer éischter drëms goen, aus der Kris erauszekommen. Dono misst natierlech och gekuckt ginn, wéi d'Käschte vun der Kris verdeelt ginn: "D'Leit sinn den Ament veronséchert a verängschtegt genuch. Esou wichteg et och ass, datt mer Diskussiounen iwwer Verdeelungsgerechtegkeet féieren (déi sinn iwwregens och net nei, dat ass 2008 wärend der Finanzkris ugaangen). Déi Diskussioun muss gefouert ginn, mä ech halen net vill dovunner, datt een dat mat esou provokativen Optrëtter mécht. Et soll een déi Diskussioun sachlech féieren, mä den Ament steet elo mol un, dass mer aus der Kris hei erauskommen."
Fir d'ADR géif eng Verméigenssteier oder eng Ierfschaftssteier an direkter Linn net a Fro kommen, seet de Roy Reding: "Moralesch verwerflech, well een domadder Sue besteiert, déi scho besteiert sinn. An et ass d’Recht vum Bierger Eegentum sech opzebauen an de Staat soll dat respektéieren a schützen an net do dogéint goen. Wann et ëm de Finanzement vun der Kris geet, schwätzt hien dovunner, datt de Staat misst spueren. Dat soen mer net eréischt zënter der Kris, dat hu mer och scho virdru gesot. Mir fannen, datt de Staat vill ze vill Ausgaben huet a Beräicher, déi net zu senge Kärberäicher gehéieren a wou een d'Fangeren einfach sollt ewech loossen. Saachen, déi vum Privé vill besser gemaach ginn, vill méi bëlleg." De Staat soll sech op déi wierklech wichteg Käraufgabe konzentréieren: Educatioun, Gesondheet, Sécherheet.
E fromme Wonsch, deen an noer Zukunft net an Erfëllung goe wäert. Vill investéieren, fir d’Wirtschaft unzekierpen an d’Kafkraaft ze erhalen, dat ass de Mantra vun der Regierung. D’Versprieche fir d’Personnes physiques net méi ze besteieren, wéilt ee weiderhin anhalen, esou d’DP-Presidentin Corinne Cahen, déi grad esou wéi de Finanzminister en Dënschdeg am Ausland ass an net fir en Interview zur Verfügung stoung. Ëm déi kuerzfristeg Finanzéierung vun der Kris si mer den Ament jiddefalls nach net op Verméigens an Ierfschaftssteier ugewisen.
De Franz Fayot vun der LSAP: "Och en vue vun den nächste Budgete mengen ech net, dass mer elo an enger dramatesch schlechter Situatioun sinn. Mir wëssen, dass eis Verschëldung an d‘Luucht geet, awer och, dass mer d’Moyenen hunn, fir dat ze erdroen."
D’Verméigensbesteierung wäert e grouss Thema am Walkampf 2023 sinn, do ass de Franz Fayot sech sécher. Et dierft ee gespaant sinn, wéi d'Sozialisten dann zu enger Ierfschaftssteier an der direkter Linn stinn.
Déi Lénk fuerdere scho laang eng méi gerecht Verdeelung a begréisst och eng nei Form vu Steiergerechtegkeet, seet de Marc Baum. Fir déi aktuell Kris ze finanzéieren, missten d'Suen do geholl ginn, wou se sech an deene leschte Joren op eng onproduktiv Manéier gesammelt hätten: "Et géif en Abattement gi vun 2 Millioune pro Ierwen... Et geet net drëm, wa Grousselteren hire Kanner en Haus verierwen, datt dorop eng Steier soll opgehuewe ginn. Mä et geet wierklech ëm déi ganz grouss Revenuen, ëm déi ganz grouss Patrimoinen, datt déi hiren Deel zum gesellschaftleche Fonctionnement bäiginn."
"Keng Ierfschaftssteier an direkter Linn"... Dat ass e Slogan, mat deem och d'Piraten 2018 an d'Wale gaange sinn, eng Positioun bei där si bleiwen. Fir de Sven Clement muss an Zukunft dofir gekuckt ginn, datt all Akommes equitabel besteiert gëtt: "Mir hunn haut ze vill Ausnamen, wou Suen ageholl ginn an net mam normale Steiersaz berechent ginn. Ech denken do un Dividenden, Stock Options. Dat heescht déi, déi wierklech Suen hunn, hu Weeër fir manner Steieren ze bezuelen, wéi déi, déi wierklech schaffe ginn. Mir sinn der Meenung, dass eng Ierfschaftssteier, egal wéi mer den Abattement reegelen, ëmmer problematesch wäert sinn. Entweder geet deen ab mam Index an d’Luucht, da stellt sech d’Fro, mat wéi engem Index. Oder den Abattement stagnéiert an domadder gëtt d’Belaaschtung awer ëmmer méi grouss. "
Donieft proposéieren d'Piraten de Steier-Barème weider z'adaptéieren, bis hin zu engem Taux vun 49 Prozent amplaz vun den aktuellen 42 Prozent: "Mir sollten eis net verstoppe virun der Propose, fir d’Progressivitéit vum Steier-Barème bei 42% ophalen ze loossen. Wat schwätzt dogéint fir all 50.000€ méi Akommes nach eng Kéier mat 1% méi besteieren ze loossen? Bis e Plaffong, wéi mir et proposéieren, vun 49%."