Frank Engel huet fir en Dënschdeg den Owend en Nationalcomité convoquéiert

Eenzege Punkt vum Ordre du jour: "Programmatesch Orientéierung vun der CSV". Dat goufe mer e Méindeg an der Mëttesstonn aus CSV-Kreesser gewuer.
Dëse Comité war net geplangt a gouf kuerzfristeg de Méindeg de Moien aberuff. Hannergrond sinn d’Aussoe vum Frank Engel, hien huet sech virum Weekend ëffentlech fir eng méi staark Besteierung vum Verméigen ausgeschwat, dorënner eng Ierfschaftssteier an direkter Linn mat awer Abattements.
Fir d'Kris ze bewältegen: CSV-President fir méi héich Besteierung vu Verméigen (21.8.2020)
Revirerement: CSV-Walprogramm gëtt weiderhi respektéiert (22.8.2020)
Datt et an der CSV "rumouert" ass dat Mannst, wat de Méindeg den Owend ka gesot ginn. Bei alle Membere vum CSV-Nationalcomité, wou RTL nogefrot huet, war et eng komplett Iwwerraschung, datt de President fir en Dënschdeg den Owend onerwaart an net geplangt dëse Gremium beienee geruff huet.
Sourcë soen eis géintiwwer, datt wäert eng Zort "Vertrauensfro" vum Frank Engel gestallt ginn - eppes wat an der Invitatioun als "programmatesch Orientéierung" ëmschriwwe gëtt.
Eisen Informatiounen no kéint et drop erauslafen, datt, wann et net soll zu engem Vott iwwert d'Persoun vum Frank Engel kommen, en Aarbechtsgrupp agesat gëtt, deen da sou ze soen de Mediateur tëscht de verschiddene Positioune soll spillen.
Och e Méindeg hu sech d'Spëtzte vun der Partei an der Fraktioun vun der gréisster Oppositiounspartei d'Wuert ginn, der Press net Ried an Äntwert ze stoen, wéi et ënnert anerem vun der Fraktiounscheffin Martine Hansen géintiwwer vun RTL geheescht huet, wéilt si "näischt soen a kommentéieren, wëll dëst sou ofgemaach gi wier".
RTL-Sourcen no gouf quasi Keen aus dem Nationalcomité vum Parteipresident driwwer informéiert, datt en Dënschdeg d'urgence esou eng Reunioun ugesat ass - souguer d'Spëtzte vun der Fraktioun wousste bis e Méindeg am spéide Moien näischt a sinn aus alle Wolleke gefall.
Am CSV-Nationalcomité sinn eng ronn 40 Memberen - Charge ass et, fir d'Decisioune vum Kongress auszeféieren. Nieft dësem Gremium gëtt et awer och nach den Nationalrot mat iwwer 100 Memberen - en Organ, wou assuréiert gëtt, datt d'Decisioune vum Kongress och wierklech ëmgesat ginn.
De Frank Engel krut fir seng Sortie médiatique vill Reaktiounen, mä och vill Kritik, notamment am Lëtzebuerger Wort. Op Facebook schreift den Haaptinteresséierten, de Frank Engel, de Méindeg de Moien: "Verréckte Welt. Am Lëtzebuerger Wort gëtt meng Demissioun gefuerdert, well ech mech un d'Kathoulesch Sozialléier halen. An un de Grondsazprogramm vu menger Partei."
Anescht gesäit et awer och d‘CSJ, déi Jonk an der CSV. Zum engen, well d'CSV sech an hirem Walprogramm vun 2018 kloer géint d'Verméigenssteier fir Privatpersounen an d'Ierfschaftssteier an direkter Linn positionéiert hat, zum aneren awer och well de Frank Engel seng Ausso zu kengem Ament mat der Partei ofgeschwat hat.
D'Chrëschtlech sozial Jugend huet en internt Schreiwes erausginn. Hei gëtt bedauert, datt d’Partei sech ëffentlech bloussgestallt hätt an dat der Reputatioun geschuet hätt. Iwwert eng Neiausriichtung vun der Partei misst als éischt intern geschwat ginn, sou d’CSJ. D’Jugend bei der CSV wënscht sech ee President, dee Loscht géing ginn zesummenzeschaffen.
CSJ adresséiert sech u Frank Engel: D'Partei huet sech dobausse bloussgestallt
Et gouf dann och eng weider Reaktioun vu Säite vun der Regierung an zwar vun der grénger Ëmweltministesch. D’Carole Dieschbourg sot de Méindeg de Moien hei op RTL: "Den CSV-Parteipresident Frank Engel leet e Fanger an d’Wonn andeems hien déi Sozial Ongerechtegkeeten uschwätzt". Et wier och zu Lëtzebuerg néideg, elo iwwert eng sozial gerecht an ekologesch Steierreform ze diskutéieren.
Op d’Fro, ob déi Gréng dann och fir eng Ierfschaftssteier an direkter Linn wieren, mat Abattements wuel gemierkt, dozou sot d’Carole Dieschbourg, si wéilt keng Ausso maachen, mä et wier wichteg, déi eenzel Moyenen ze beschwätzen.
Schonns virdrun hat den Dan Kersch op Facebook reagéiert an dem Frank Engel politesche Courage zougesprach.
Politesche Courage gewisen: LSAP-Minister Dan Kersch stäipt Frank Engel de Réck (23.8.2020)
Tëscheriff vum François Aulner a Roy Grotz
Tëscheruff vum François Aulner: CSV - Keng Diskussioun (24.8.2020)