Dës Woch weise mer Iech wat spezifesch un de Lëtzebuerger Bëscher an de verschiddene Regioune vum Land ass.

Vu Bichen, Louhecken a Fiichten

Een Drëttel vum Lëtzebuerger Territoire si Bëscher. Och wann de Grand-Duché vun der Fläch hier ee vun de klengste Staaten ass, sinn d'Bëscher an alle Regioune ganz verschidden. D'Problemer déi se hunn, duerch méi waarm Temperaturen a manner Reen, sinn änlech.

Dës Woch weise mer Iech wat spezifesch un de Lëtzebuerger Bëscher an de verschiddene Regioune vum Land ass. Vill Geschichte gëtt et ze zielen, iwwert d'Bëscher am Éislek bis erof an de Minette.

Deel 5 (a leschten Deel): Iwwer Planzen an Insekten

Bësch sinn net nëmme Beem, ënnert de Bamkroune gëtt et nach d’ Strauch- an d’Krautschicht. 1.323 Planzenaarten, déi wëll wuessen, si bekannt zu Lëtzebuerg, dovu brauch een Drëttel de Bësch als Liewensraum.
Zu Lëtzebuerg gëtt et iwwer 600 verschidde Moos-Aarten, de gréissten Deel dovu fënnt een an de Bëscher. Kuckt een ee Bamstamm méi genee, gesäit een op mannst 5 verschidden Typpen. Déi gréisste Biodiversitéit am Bësch fënnt een do,wou e bësse méi Luucht an de Bësch kënnt.

Deel 4: Noumerleeën, Bësch am Sandsteen

Deel 3: De Bësch am Minett: Bichebësch an Trockenrasen

Deel 2: De Bësch am Osten, Manternacher Fiels an d’Eechebësch

Deel 1: De Bësch am Éislek gepräägt duerch d'Lieder-Industrie