Corinne Cahen reprochéiert Oppositioun, d'Fra an net de Ball ze spillen

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen
An der Chamber wollt d'Corinne Cahen keng Stellung zu der Motioun huelen - no der Debatt huet si sech op enger Pressekonferenz traureg gewisen.
"Mir hoffen, datt d'Ministesch sech hirer Responsabilitéit an hirer Non-Chalance bewosst ass an agesäit, datt si besser huet, ze demissionéieren", esou déi Lénk Deputéiert Myriam Cechetti en Donneschdeg an der Chamber - déi ganz Oppositioun huet an enger Motioun d'Demissioun vun der Familljeministesch Corinne Cahen gefrot. D'Motioun gouf mat den 31 Stëmme vun der Majoritéit verworf. An der Chamber wollt d'Corinne Cahen keng Stellung dozou huelen - no der Debatt huet si virun der Press der Oppositioun reprochéiert, d'Fra an net de Ball ze spillen.
"Dat war iwwerhaapt net de Sënn an den Zweck vun der Oppositioun, fir ze waarden op dee Rapport, dat war hinnen egal, si wollte just politique politicienne maachen, an ech muss soen, datt dat mir immens Leed deet, well ech fannen, datt d'Land Politiker verdéngt huet, déi sech ëm Saache streiden, ëm Aart a Weisen, et muss een net ëmmer enger Meenung sinn, dat ass normal, datt een net ëmmer enger Meenung ass, mee et soll een ëmmer de Ball spillen an net d'Fra oder de Mann an an dësem Fall ass dat einfach esou däitlech, datt et aneschters ass an dat mécht mech traureg."
Aus dem Jeannot Waringo sengem Rapport ass ervirgaangen, datt vu Mäerz 2020 bis Mee dëst Joer 345 Mënschen an den Alters- a Fleegeheemer un de Suitte vun enger Corona-Infektioun gestuerwe sinn. Et wiere keng Verstéiss géint d'Reegele festgestallt ginn, allerdéngs wieren d'Recommandatioune vum Familljeministère net ëmmer kloer gewiescht.
Am Rapport gëtt och d'Fro opgeworf, ob eng Impfflicht beim Gesondheets- a Fleegepersonal net ubruecht wier. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert gesäit dat skeptesch.
"Et ass e Sujet, dee mer schonn zanter Méint suivéieren. En ass villschichteg. Nach sinn ech perséinlech op alle Fall der Iwwerzeegung, datt ee mat enger Flicht net Angscht entgéint hëlt, déi Leit, déi sech an enger éischter Phas net impfe gelooss hunn, haten Ängschten. A wa Leit Ängschten hunn, déi niert ee just, wann ee mat enger Flicht hannendru kënnt. Ech verstinn awer absolut den Enjeu. Mir sinn iwwerzeegt, datt mer mat der Campagne, déi mer lafen hunn, dach nach eppes wäerten areechen."
Zanter datt ee sech fir e spezifesche Vaccin kéint aschreiwen hätten och vill Leit, déi sech virdrun net wollten impfe loossen, decidéiert, awer dovun ze profitéieren, esou d'Paulette Lenert.