An der StadFriddlech Maniffe géint Coronamesuren

RTL Lëtzebuerg
Eng gutt 300 Demonstranten hate sech e Samschdeg nees um Glacis getraff, fir géint déi aktuell Covidmesuren ze manifestéieren.

Eng éischt Demo, e Grupp vun 200 Persounen, ass géint 15 Auer vum Glacis a Richtung Place de l’Europe um Kierchbierg gezunn.

En anere Grupp vun ongeféier 100 Leit, eng zweet ugemellten Demo, hat de Rond-point Schuman fir e puer Stonne blockéiert. Fir kuerz Zäit gouf och den Tram-Reseau perturbéiert.

Friddlech Maniffe géint Coronamesuren
Eng gutt 300 Demonstranten hate sech e Samschdeg nees um Glacis getraff, fir géint déi aktuell Covidmesuren ze manifestéieren.

Anescht ewéi de leschte Weekend war et e Samschdeg e friddleche Marsch, sou datt d’Police kaum intervenéiert ass. Géint 17 Auer huet sech d’Maniff lues a lues opgeléist.

1 Persoun wier am Kader vun de Maniffen interpelléiert an eng juristesch Prozedur lancéiert ginn, sou d’Police e Samschdeg den Owend.

E puer honnert Polizisten, esou gouf am Virfeld bekannt, waren Asazbereet.

RTL-Artikel (21.01.2022): Demonstratioune géint Coronamesuren: Garer Geschäftsleit fäerte weider Maniffen
RTL-Artikel (15.01.2022): Stater Gare: Ronn 350 Leit hu géint d’sanitär Mesuren demonstréiert
RTL-Artikel (17.01.2022): Net ugemellt Maniff de Weekend: Henri Kox verdeedegt Policeasaz bei der Maniff e Samschdeg

Back to Top
CIM LOGO