An eiser Serie Lëtzebuerg Kosmopolit huele mir Iech all Woch mat bei eng aner Communautéit hei am Land. Si weisen eis hir Traditiounen an hir gutt Adressen, déi een net verpassen dierf. Donieft erziele si eis hir Geschichten aus hirem Heemechtsland.
Dës Kéier gi mir dofir bei eng Communautéit, déi et schonn zanter den 20er Joren zu Lëtzebuerg gëtt. Iwwer 5.000 Polen wunnen haut am Grand-Duché. Een dovunner ass de Marcin, en Organist, Komponist a Chef vun enger Chorale. Hie wunnt zanter bal 20 Joer zu Lëtzebuerg a weist eis, wéi d’Musek eng Sprooch ka sinn, déi eis all verbënnt.
Deel 1: Déi italienesch Communautéit
Deel 2: Déi spuenesch Communautéit
Deel 3: Déi portugisesch Communautéit
Deel 4: Déi kapverdianesch Communautéit
Deel 5: Déi iranesch Communautéit
Deel 6: Déi polnesch Communautéit