Keen Indemnisatiounsfong fir "Aléas thérapeutiques"
Wann en Dokter e Feeler mécht oder eppes bei enger Behandlung schif leeft, kann dat fir de Patient e Liewe laang Konsequenzen hunn.
An de leschten Deeg hu mer Beispiller héiere vu Leit, déi schlecht Erfarunge gemaach hunn. Wann ee mengt, datt een Affer vun engem medezinesche Feeler ginn ass, kann een ënnert anerem eng Plainte beim Collège médical maachen an och viru Geriicht géint den Dokter virgoen. Dat mécht awer net jiddereen, well et ass deier an et riskéiert een, d’Suen net méi erëmzekréien.
D’Affekotin Trixi Lanners vertrëtt reegelméisseg Leit, déi no enger medezinescher Interventioun e Schued hunn. A verschiddene Fäll géing een eng Plainte maachen.
"Dat setzt awer viraus, datt dee Feeler och eng Strofdot ass, dat ass net bei all Feeler de Fall. Anerwäerts kann een um Zivilgeriicht usichen, dat geet meeschtens u mat engem Schnellverfaren, fir dass eng Expertis ordonnéiert gëtt. Da gëtt meeschtens en auslänneschen Dokter genannt, deen déi Expertis maache soll. An dat ass e relativ séiere Prozess. Do kann een en Accord fannen oder net, wann net, da gëtt et da méi laangwiereg."
Méi laangwiereg heescht: virum Zivilgeriicht usichen, wou weider Expertise kënne gefrot ginn an déi verschidde Parteie kënnen an Appell goen, dat ka sech iwwer e puer Joer zéien. Wann ee Recht kritt, bezilt d’Assurance vum Dokter.
"Dat ass souwuel de moralesche Schued, deen een huet, mee dat ass och de materielle Schued, datt ee vläicht en Auto huet misse kafen fir mam Rollstull oder eppes doheem ëmbauen, dat ka ganz wäit goen, dat kann awer och sinn, dass een eng Hëllef brauch 2-3 Stonnen am Stot den Dag, dat gëtt alles ausgerechent, wann een am Beruff elo manner Geld verdéngt oder net méi schaffe kann, dat ka schonn eng ganz grouss Envergure unhuelen."
De Conseil de discipline vum Collège médicale kann iwwerdeems Sanktioune géint en Dokter decidéieren, déi vun enger Geldstrof bis zu enger Suspensioun kënne goen.
De Collège médical kritt all Joer eng 100 Plainten. Ma dobäi geet et net ëmmer ëm Schied no enger Behandlung, ma och ëm Tarifikatiounen, déi a Fro gestallt ginn. 2021 goufen et 31 Plainten, bei deenen Traitementer a Fro gestallt goufen an 32 wéinst dem Verhale vum Gesondheetsprofessionellen.
Ma et hätt een eben och Fäll, an deenen de Patient zwar e Schued hätt, et awer net dem Dokter säi Feeler war, sou de Pit Buchler, de President vum Collège médical.
"De Feeler muss nogewise gi sinn. A fir e Feeler nozeweisen, do braucht der eng Expertis dofir, fir ze soen, et kann een et esou gesinn oder esou gesinn. Vun engem Fall, wou mir zum Beispill hei am Collège médical gemengt hunn, dat wier e medezinesche Feeler gewiescht bei enger Operatioun. Et ass eng Expertis gemaach ginn. An d'Expertis huet gesot: nee, dat ka virkommen. Et ass en Aléa thérapeutique, dat ka virkommen. An dee Moment war natierlech fir de Patient eng Katastroph, well dee war esou laang aarbechtsonfäeg duerch déi Komplikatioun, déi komm ass duerch deen, wat mir gemengt hunn, et wier e medezinesche Feeler gewiescht."
De Collège médical fuerdert dofir scho laang en Indemnisatiounsfong, deen an esou Fäll opkënnt. A Frankräich an an der Belsch gëtt et dat schonn.
"Déi Leit, déi e Schued hunn duerch en Aléa thérapeutique, déi stinn oft am Reen do an hu ganz vill psychologesch awer och finanziell Schied, wou d'Allgemengheet duerch e Fong kéint eigentlech dat op d'mannst zum Deel kompenséieren, wat dat finanziellt ubelaangt."
Dat wier eng fair Léisung fir all déi concernéiert Parteien.
"Et ass gerecht vis à vis vum Dokter, deem eppes ka passéieren, wat elo kee Feeler ass, mee wou den Dokter ëmmer ganz schrecklech drënner leit, wann e gesäit, datt en e Schued engem Patient zougefüügt huet."
D'Serie am Iwwerbléck
Serie Medezinesch Feeler an Accidenter (1): "War Dir wierklech bei engem Zänndokter?"
Serie Medezinesch Feeler an Accidenter (2): "Et gëtt ni méi gutt"
Serie Medezinesch Feeler an Accidenter (3): "Et ass 5 vir 12"
INFOKËSCHT
Hutt Dir d'Gefill, datt Dir selwer Affer vun engem medezinesche Feeler gi sidd? Da ginn et verschidden Ulafplazen. Et gëtt de Mediateur Santé, deen a Konflikter tëschent Patient a Gesondheetsprofessionelle schlichte kann, awer och als Informatiounszenter fonctionéiert. Hei fënnt een deemno och d'Kontakter fir all déi aner relevant Instanzen, zum Beispill d'Plaintëkommissiounen an de Spideeler.
Et kann een och eng Plainte maache beim Collège médical oder beim Conseil Supérieur de Certaines Professions de Santé.
D’Patientevertriedung bitt Consultatiounen an Informatiounen un.
Wann ee sech net iwwert eng Mediatioun eens gëtt, huet een och d'Méiglechkeet, d'Persoun unzesichen, jee nodeem wat geschitt ass um Zivilgeriicht oder um Penal.
An et ginn och Recours-Méiglechkeete bei der Gesondheetskeess.
 
                     
                     
                     
                    