De Kierchbierg soll bis Enn 2023 zu 90% mat Pellets gehëtzt ginn, dat sot den Energieminister Claude Turmes am Juli an eisem Background.

Wéi dat soll goen a firwat Pellets net déi Energiequell vun der Zukunft sinn, dorobber gi mer an eisem Reportage an.

De Kierchbierg ass e Quartier, dee boomt. Fënnef Mol souvill Awunner a grad souvill zousätzlech Leit, déi do schaffe: Bis 2040 sollen et där 67.000 sinn amplaz vun elo 42.000.

RTL

© RTL-Grafik

D'Hëtzt fir bal de ganze Kierchbierg kënnt vun der Luxenergie, eng Cogeneratioun- am Keller leeft e Motor, deen e Generator undreift a Stroum produzéiert. D'Hëtzt, déi dobäi entsteet, geet an den Heizreseau. Aktuell leeft den Ëmbau op 90 Prozent Pellets, Gas bräicht een da just nach zu Spëtzenzäiten. Nëmmen eng gutt Iddi, wann et wierklech nohalteg a wirtschaftlech ass. Fir den Direkter Paul Weis bleiwen d'Pellets en Nischeprodukt, deen allerdéngs nach laang an deene Fäll agesat gëtt, an deene keng Wärmepompel méiglech ass. Dat ass zum Beispill bei eelere Gebaier de Fall.

Mir si sécher, dass mir net méi vill der Projete maache, well mir einfach un d'Limite kommen. Mir wëlle keen Holz aus Kanada importéieren, wat anerer jo maachen, dat wier absolut net nohalteg. D'Zukunft ass fir eis d'Wärmepompel.

De Problem wier awer, dass vill Gebaier um Kierchbierg wéinst hirer Bauweis net kënne mat enger Wärmepompel gehëtzt ginn.

Nom Ëmbau ginn da bis zu 35.000 Tonne Pellets am Joer verbannt. Dat wieren am Verglach zwee Drëttel vun deem Holz, wat d'lescht Joer hei am Land aus de vun der Dréchent geploten ëffentleche Bëscher erausgeholl gouf.

RTL

© RTL-Grafik

Vertrauen amplaz Kontroll

Eng onofhängeg Kontroll, wouhier d'Holz fir d'Pellets kënnt, gëtt et iwwerdeems net. Bei der Luxenergie géing een do nom beschte Gewëssen agéieren, erkläert de Paul Weis, an et géing een déi Responsabilitéit seriö huelen.

Mir froe bei der Kiowatt no, déi ënnert anerem d’Pellets fir d’Cogeneratioun um Kierchbierg produzéiert. D‘Holz, wat hei akaaft gëtt, wier FSC-zertifizéiert, erkläert de Gérant Patrick Barbedor.

E Bléck op d’Website weist awer, d’Wierk selwer huet keen esou een Zertifikat, just eent, wat vun der Pellets-Lobby selwer ausgestallt gouf. Net verbueden, awer net ganz transparent fir eng Entreprise, an där de Staat mat dran ass.

Genee doru stéiert sech de Stengeforter Fierschter Marc Parries, dee selwer am FSC-Verwaltungsrot ass. Dacks hätt hien dowéinst Entrevuë mat Kiowatt, awer och dem Ekonomiesministère ugefrot, allerdéngs ouni Resultat.

Et ass einfach net logesch, dass de Staat déi Labelen ënnerstëtzt, an dann awer, wann e selwer Produiten aus dem Bësch consomméiert, net op zertifiéiert Produiten zeréckgräift. Et ass eng Saach vun der Kontroll, well soss kann dee Betrib jo och net-zertifizéiert Holz kafen, d‘Beweisketten ass dann ënnerbrach, an da mécht dat Ganzt kee Sënn méi!

Wat seet Europa?

Iwwerdeems um Kierchbierg d‘EU-Gebaier nach mat Pellets gehëtzt ginn, huet een zu Stroossbuerg elo de Problem erkannt. Eng nei EU-Directive soll an Zukunft hëllefen, an déi kléngt emol gutt:

Keng Subside méi fir Holz, dat just fir Pellets ëmgehae gouf an eng Limitatioun vu Brennholz am Energiemix. Allerdéngs: Der Däiwel stécht am Detail, wéi déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz kritiséiert. Am Text stéingen eng ganz Rëtsch Ausnamen, soudass een awer immens misst oppassen, dass duerno kee Bësch fir Brennes ëmgehae gëtt.

Aktuell ass d’EU de weltwäit gréisste Pelletsclient, mat engem neien Importrekord vun 23 Milliounen Tonnen, also ronn 3.000 mol d‘Mass vum Eiffeltuerm.

Wéi et ka goe, wa Bëscher fir Energiezwecker ofgeholzt ginn, weess den amerikanesche Bëschexpert Richard Keim, aus deem senger Heemecht massiv fir den europäesche Marché exportéiert gëtt. Mir gesinn d‘Konsequenze vum Ofholze scho méi laang, an dat weisen och eng Rëtsch Etüden. Fir mech ass et dofir interessant, hei an Europa ze sinn an ze gesinn, dass d‘Leit hei Decisiounen huelen, mee vun de Konsequenzen am Moment nach wäit ewech sinn.

Op déi laang Siicht ass ee mat Pellets also éischter um Holzwee, ganz Quartieren domat ze hëtzen, wier keng Iddi fir d‘Zukunft.

An d‘Privatleit? Nach ginn déi Heizungen hei am Land subventionéiert. An Däitschland dogéint réit den Ëmweltministère mëttlerweil dovun of, an dat wéinst dem Feinstaub. A groussen Anlage gëtt dee vu performante Filteren opgefaangen, ma Privatleit musse mëttlerweil noweisen, dass hir Heizung d'Loft net ze vill verpescht, oder se musse se nees ausbauen.