
Domat soll d’Capacitéit fir Kerosin ze lageren, eropgesat ginn. Doduerch soll de Fluchhafe besser opgestallt sinn, falls d’Pipelinë fir Kerosin eng Kéier ausfale sollten.
No enger Fuite zu Iechternacherbréck am September an nom Héichwaasser am Summer zejoert war d’Liwwerung vu Kerosin op de Findel temporär ausgefall.