De Len Gompelmann an d’Juliana Da Silva Pinto ware réischt 18 an 20 Joer al, wéi si gewuer goufen, dass si Eltere ginn. Geplangt war et net, mee si hu sech awer ganz bewosst dofir entscheet, d’Kand ze kréien. Wéinst de Suen hu si mat der Schoul opgehalen an am Éislek e klengt Appartement gelount fir 1.300 Euro de Mount. Laang bleiwe konnt een an där Wunneng awer net. Et war een am leschte Stack vun der Residence, ouni Lift an direkt ënnert dem Dag. Héichschwanger oder mat Kutsch op an of. Dat war en Challenge.
D’Koppel entscheet sech also dofir, eng aner Wunneng ze sichen. Finanziell gesinn, war dat fir déi jonk Famill zu Lëtzebuerg awer einfach net méiglech. Allenzwee schaffe si bei enger Firma fir Photovoltaique. Et geet awer net duer, fir hei eppes Anstänneges ze lounen oder souguer ze kafen. Gezwongenermoosse si si an d’Belsch geplënnert op Gouvy. Hei lount d’Famill e ganzt Haus fir mol net 1.000 Euro de Mount. A souguer e Gaart ass dobäi.
Hiert Meedche Melody ass scho bal 2 Joer al an d’Famill plangt, sech weider ze vergréisseren. Ma och wann ee sech hei am Haus an der Belsch immens wuel fillt, wëll d’Famill eigentlech net hei bleiwen. “Mir sinn zwar net wäit vu Lëtzebuerg, mee et ass awer eppes anescht. Mir géife léiwer an eisem Heemechtsland liewen.”

An och fir dat klengt Melody wënscht d’Koppel sech eppes anescht. Wa si hatt nämlech ganz an der Belsch umellen, muss hat och an der Belsch an d’Crèche. D’Koppel well awer verhënneren, dass d’Melody d’Crèche zu Lëtzebuerg verléisst. Si kéinten hatt zwar an enger privater Crèche weider umellen, dat wier finanziell awer net dran.
D’Koppel ass offiziell hei an der Belsch ugemellt. Dat bréngt och eng Partie Käschte mat sech. De nächste Schratt ass zum Beispill d’Autoen ëmzemellen. Et kascht knapp 5.000 Euro, däin Auto op d’Strooss ze kréien erzielt de Len. An och wat d’Niewekäschten ugeet, misst een an der Belsch oppassen. De Stroum a Waasser wieren deier an et misst een all eenzele Miwwel versécheren.
D’Famill gëtt d’Hoffnung net op a wäert sech weider op d’Sich maachen. Fir si ass sécher. Si wëllen zeréck an hiert Heemechtsland. Dat géif awer just goen, wann d’Präisser sech nees normaliséiere géifen.
Deel 1: “Ech wier net an d’Ausland gaangen, wann ech dat gewosst hätt”
Deel 2: “Mir ware méi wéi 50 Wunnenge kucken”
Deel 3: “Mir wëllen net schaffen, just fir e Prêt ofzebezuelen”