Frieden-Bettel-Regierung steet: 10 Männer a 5 Fraen

Déi nei Regierung steet. D'CSV kritt 8 Minister, d'DP der 7. E Freideg gi se vum Grand-Duc vereedegt.
Vill gouf een an de leschten Deeg net gewuer, wien dann elo Minister gëtt. D'Nimm, déi RTL um Mëttwoch annoncéiert huet, hu sech um Enn och all confirméiert.
CSV kritt 8 Minister
Wéineg iwwerraschend ass de Luc Frieden Premierminister an esou och de Chef vun der neier Regierungsekipp.
Méi iwwerraschend iwwerhëlt d'Martine Deprez d'Ressorte vun der Santé an der Sécurité sociale.
Finanzminister gëtt de Mamer Député-maire Gilles Roth.
D'Elisabeth Margue gëtt nei Justizministesch an de Stater Schäffe Serge Wilmes iwwerhëlt d'Fonction Publique an den Ëmweltministère.
D'Nord-Co-Fraktiounspresidentin Martine Hansen iwwerhëlt d'Landwirtschaft an de Konsumenteschutz.
Den Escher Buergermeeschter Georges Mischo gëtt Sports- an Aarbechtsminister, den aktuelle Buergermeeschter vu Gréiwemaacher Léon Gloden gëtt Innen- a Policeminister.
Den Detail vum Point-presse fënnt een hei.
DP kritt 7 Minister
Dorënner e puer Iwwerraschungen. D'Generalistin Stéphanie Obertin wäert d'Ressorte Recherche, Héichschoul an Digitaliséierung iwwerhuelen. Och den aktuelle Buergermeeschter vu Schieren haten déi mannsten op der Rechnung. Den Eric Thill gëtt Kulturminister an delegéierte Minister fir Tourismus.
Déi aner 5 ware scho Minister, kréien nei Ministèrë mat dobäi oder wiesselen d'Adress komplett.
De Claude Meisch bleift Educatiounsminister, kritt awer de Ressort vum Logement an Aménagement du territoire mat derbäi. De Lex Delles kritt d'Portefeuillë Wirtschaft, Energie an Tourismus. D'Yuriko Backes gëtt Ministesch vun der Defense, der Gläichstellung, der Mobilitéit an den Travaux publics. De Max Hahn behält säi Portefeuille vun der Famill a gëtt Responsabele fir den Accueil vu Flüchtlingen, also den ONA. De Xavier Bettel gëtt Ausseminister a Vize-Premier.
Den Detail vum Point-presse fënnt een hei.