"Feelstart", "Oninspiréiert", eng "Sonndes-Ried" - et läit wuel an der Natur vun der Saach. D’Oppositioun hat kee gutt Wuert fir d’Ried vum Premier iwwreg.

"Stralend bloen Himmel mat Sonn, et ass keng Wollek do, a scheinbar hu sech d’Ängschten, déi wärend de Koalitiounsverhandlungen do waren, a Loft opgeléist", seet de Spriecher vun de Pirate Sven Clement net ouni ironeschen Ënnertoun. Et hätt een d’Gefill gehat, d’Geschicht vum Robin Hood ze héieren, mee ëmgekéiert. Vill wier iwwer Sue geschwat ginn, doriwwer wat ee wéilt ausginn, mee net, wou se da soll hierkommen.

Wann d’Spriecherin vun déi Gréng iwwert d’Finanzpolitik vun der neier Regierung kuckt, ass Hir och net ganz wuel. "Mir fäerten, dass Schwaarz-Blo richteg deier fir de Bierger gëtt", mengt d’Sam Tanson. Si schwätzt vun enger ongedeckte Wett op d’Zukunft vun eisem Land, déi d’Regierung géing agoen. Andeems een d’Steieren, virun allem fir déi Leit, déi schonn eppes hunn, erofsetzt, géing een drop wetten, dass esou genuch Steierrecettë fir d’Projete vum Staat géinge geréiert ginn. Wéi d’Géigefinanzéierung fir d’Steiererliichterung soll ausgesinn, wier net präziséiert ginn.

Den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum, schwätzt dann no der Ried vu "Sprengstoff fir sozial Inegalitéiten". "D’Ried war e relativ oninspiréiert Ofliese vu verschiddene Punkten aus dem Koalitiounsaccord", fënnt hien. Et géing ee probéieren, d’Logementskris ze entschäerfen, mat deene Moyenen, déi an de leschten 20 Joer scho gescheitert wieren. Nämlech andeems ee probéiere géing, reng op de Privatmarché ze setzen. Déck Beneficer a grouss Fortune steierlech z'entlaaschten, wier net de richtege Wee.

Änlech gesäit dat och d’LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding."Et ginn al Rezepter aus dem Tirang gekroopt, fir aktuell Problemer ze léisen", fënnt si. Fir de Logement géing de Bauperimeter au Détriment vun der Biodiversitéit opgemaach ginn. Den Amortissement accéléré, deen nees agefouert gëtt, wier viru Joren ofgeschaaft ginn, well en näischt bruecht hätt. Duerch d’Adaptatioun vum Barème géing d’Schéier tëscht Aarm a Räich da weider auserneegoen.

D’Deklaratioun hätt en Aspekt vun enger Sonndestied gehat, wou alles schéi geschwat gëtt, huet dann den ADR-Fraktiounspresident Fred Keup fonnt. Als "Parole, Parole" bezeechent hien dat Ganzt. Wat fir hien zielt, wier dat, wat gemaach gëtt. Hie schéngt der neier Regierung dann nach net allzevill Autonomie zouzetrauen. "A ville Beräicher gëtt eng Politik vun der Gambia-Regierung weidergemaach", stéiert hien. Beim Klima gëtt senger Meenung no d’Politik vun deene Grénge weidergefouert, déi jo awer vum Wieler ofgestrooft gi wier.

 "Ech bedaueren extrem, dass d’Narrativ weidergefouert gëtt, wou Naturschutz géint de Logement ausgespillt gëtt", huet d’Sam Tanson nach zu dësem Punkt gesot. Et géing een de Bierger net beim Naturschutz kënne mathuelen, wann ee géing soen, dass Naturschutz nervt. Och de Marc Baum huet fonnt, dass beim Klimaschutz géing eng réckgewandte Politik gemaach ginn. Et kéint een nämlech net reng op de Privatmarché setzen, fir géint de Klimawandel virzegoen.

De Sven Clement huet sech dann nach driwwer gefreet, dass an der Ried esou vill iwwer Digitalisatioun an d’Vereinfachung vun de Prozeduren a sämtleche Beräicher riets gaangen ass. Hie stellt sech awer d’Fro dass, wann esou vill doriwwer geschwat gëtt, da mam Stéphanie Obertin eng Ministesch gewielt gouf, déi nach ni e Wuert iwwert d’Digitalisatioun verluer hätt.

D'Ried vum neie Premier kënnt Dir Iech hei nach emol ukucken oder noliesen.

Hei éischt Reaktiounen vun der Fédération des Artisans a vum Mouvement écologique!