Sexualiséiert Inhalter, radikal Positiounen - am Internet fënnt een därer genuch. Jugendlecher sinn deem ëmmer méi fréi ausgesat.

D'Initiativ Bee Secure setzt sech fir méi Sécherheet am Internet an. De Service kläert net nëmmen driwwer op, wéi een am Netz net an d'Fal vun Onéierlechen tappt, ma steet och berodend zur Säit, wann et bis geschitt ass.

Ma am Netz kann een net just Affer vu Bedruch ginn. Radikaliséierung ass e Risk, mat deem virun allem jonk Leit am Internet konfrontéiert sinn. Doriwwer, wéi ee mat dësen an anere Gefore fir Jugendlecher ëmgeet, hu mir mam Igor Loran vu Bee Secure geschwat.

Radikal Gedanke fannen am Internet hiert Publikum

Radikaliséierung huet vill Gesiichter - se ka reliéis oder politesch sinn, ma se ka sech zum Beispill och op verschidde Geschlechter-Rollebiller bezéien. An der sougenannter "Manosphere", engem Onlinemilieu fir extrem fraefeindlech Inhalter, radikaliséiere sech virop jonk Männer. Ma och op feministescher Säit gëtt et radikal Beweegungen.

Membere vun der "Manosphere" a vun der sougenannter "Incel"-Communautéit wëllen e patriarchaalt, männlecht Rolleverständnis nees opbauen. Stäerkt an Dominanz si wichteg Valeuren, woubäi Fraerechter a Gruppen, wéi zum Beispill d'LGBTQI+-Communautéit, ofgeleent ginn, erkläert den Igor Loran vu Bee Secure. "Dovunner fille sech vill Leit ugezunn", esou den Expert - virop Teenager a jonk Männer.

An deem Kader ginn de Jongen a Männer heiansdo och deier "Coursen" ugebueden, déi hinnen de "richtegen" Ëmgang mat Fraen oder och de Wee zum séiere Räichtum bäibrénge sollen, seet den Igor Loran. Ee Beispill ass hei d'"Hustlers University" vum bekannte Manosphere-Influencer Andrew Tate, géint deen aktuell an e puer Länner ermëttelt gëtt. "Dat ass näischt aneres wéi finanzielle Bedruch", esou den Expert.

Net ëmmer geschitt d'Radikaliséierung allerdéngs op esou offensichtleche Plaze wéi an de Soziale Medien. "Den Austausch geschitt an der Reegel do, wou et keng Moderatioun gëtt." A spezielle Foren, op der Messaging-Plattform Telegram oder am Darknet - Optioune ginn et der genuch.

"Persounen, déi sech radikaliséieren, geroden an ee Strudel vun änlechen Inhalter. Si hu wéineg Austausch a si sozial isoléiert. Wa se Austausch hunn, da mat de Persounen, déi hir Denkweis nach emol verstäerken", erkläert den Expert vu Bee Secure. Radikaliséierung geschitt meeschtens verdeckt. Bis d'Aussewelt dovunner eppes bemierkt, ass dacks scho vill Schued geschitt.

Radikaliséierung, pornographesch Inhalter - wat kënnen Eltere maachen?

Am Internet ginn et fir jonk User awer nach eng Rëtsch aner Geforen, zum Beispill a Form vu sexualiséierten Inhalter. Wat kann een als Elteren dogéint maachen? "D'Erzéiung sollt een net dem Zoufall iwwerloossen", seet den Igor Loran. Jugendlecher bräichten ee stabillen Uspriechpartner, ee "Fiels an der Brandung", mat deem oppe Gespréicher méiglech sinn.

Do, wou keng Opklärung geschitt a wou d'Elteren éischter als Bestrofungsinstanz wouergeholl ginn, do klëmmt de Risk, datt Kanner a Jugendlecher hir Gedanken a Suerge fir sech behalen. Dat trëfft net just bei Jugendlechen zou, déi Gefor lafen, sech ze radikaliséieren, ma och bei Teenager, déi zum Beispill an der Schoul gemobbt ginn oder Affer vu "Sextortion" ginn, wou déi jonk Affer mat intimen Inhalter erpresst ginn. Esou Fäll huet den Expert vu Bee Secure selwer scho materlieft. "Aus Schimmt an aus Angscht viru Bestrofung hunn d'Kanner sech dozou verleede gelooss, Suen ze iwwerweisen. Si haten an där Situatioun keen, dee si berode konnt."

Méi iwwer "Sextortion" a "Grooming" gitt Dir hei am Artikel gewuer.

Den Expert vu Bee Secure réit Elteren, hir Kanner iwwert Geforen am Internet opzeklären a verschidde Saache scho preventiv unzeschwätzen. Dat ass dacks méi fréi néideg, wéi ee géif denken. Jugendlecher verbréngen ëmmer méi - an ëmmer méi fréi - Zäit an der digitaler Welt.

Dem Bee Radar vun 2025 no soen 43 Prozent vun de Jonken tëscht 12 a 17 Joer, datt Leit an hirem Alter "dacks" oder "ganz dacks" op Sitte mat pornographeschen Inhalter ënnerwee sinn, iwwerdeems 43 Prozent vun de Jugendlechen tëscht 12 a 16 Joer soen, Jonker an hirem Alter géifen "heiansdo" (24 Prozent), "dacks" (9 Prozent) oder souguer "ganz dacks" (9 Prozent) intim Fotoe vu sech selwer verschécken.

Wann een dës Theeme bei senge Kanner uschwätzt, wier et wichteg, net konfrontativ ze sinn, mee einfach ee Gespréich driwwer unzestoussen, seet den Igor Loran. Wéi een dat maache kann, gëtt een zum Beispill bei den Elterenowenter oder den Expertentrios vu Bee Secure gewuer. "Mee hei kommen dacks grad déi Elteren, déi dat villäicht net esou onbedéngt néideg hätten, well si sech schonn am Virfeld dofir interesséieren", bemierkt den Expert vu Bee Secure.

Allgemeng den Internet ze verdäiwelen, ass dem Igor Loran no awer och net d'Léisung. "Screentime ass net gläich Screentime", gëtt hien ze bedenken.  Et geet och ëmmer ëm d'Aart a Weis, wéi een d'Zäit online verbréngt. Natierlech ginn et Geforen, mee fir Kanner a Jugendlecher kann et och ee Wee sinn, sech iwwer hir Ëmwelt ze informéieren an nei Saachen ze léieren.

Zu gudder lescht sollt een als Elterendeel awer och mat guddem Beispill virausgoen. "Wann een de Kanner seet, si sollen den Handy fortmaachen, mee et sëtzt ee selwer do a scrollt, da gëtt een net eescht geholl", esou den Igor Loran.