Cyberattack bei der Post hätt Huawei-Router an hir Software viséiert

© RTL Archiv
No der Cyberattack bei der Post kommen en Donneschdeg direkt dräi Chamberkommissioune beieneen.
De Minister Lex Delles – zoustänneg fir d’Post - gëtt en Donneschdeg Explikatiounen.
Virun enger décker Woch waren den Internet an de mobillen a fixe Reseau vun der Post eng véier Stonne laang komplett ausgefall, wat grouss Konsequenzen hat. En Donneschdeg gëtt dowéinst an enger dréngender Chamberkommissioun - op Demande vun der LSAP – an enger Videokonferenz iwwer déi Cyberattack diskutéiert an iwwer méiglech Suitten.
Paperjam hat e Mëttwoch gemellt, datt d’Attack bei der Post Huawei-Router an hir Software am Viséier hat. De Service fir Cyber- a Reseaussécherheet beim ILR hätt leschte Freideg, also zwee Deeg nom Virfall bei der Post, eng Mail un eng ganz Rei Acteure geschéckt, datt si hir Computersécherheet kucke sollte loossen.
Huawei ass eng chineesesch Entreprise, déi wéinst Sécherheetsbedenken a Reprochë vu Spionage net onëmstridden ass. Huawei huet awer ëmmer all d’Bedenken zréckgewisen. An Däitschland huet zejoert d’Regierung zum Beispill Huawei-Komponenten am Ausbau vum däitsche 5G-Reseau verbueden. Nach si se awer och do am Asaz.