Selwecht Cyberattack hätt net méi de selwechten Impakt

No der Cyberattack bei der Post kommen en Donneschdeg direkt dräi Chamberkommissioune beieneen.
Et gëtt keen neie Moment. D'Cyberattack op d'Routere vun der Post stoung en Donneschdeg de Moien um Menü vun den zoustännege Chamberkommissiounen.
Wien hannert der Cyberattack stécht, vu wou se koum a wat d'Motivatioun war, ass weiderhin net gewosst, sou de liberalen Ekonomiesminister Lex Delles, deen och fir d'Post zoustänneg ass. D'Post hätt eng Plainte deposéiert.
D'Post analyséiert d'Zesummenaarbecht mat Fournisseuren a wëll no zousätzleche Back-Up-Léisunge sichen. Wann d'Attack nach eng Kéier lancéiert géif ginn, wier se zum Beispill an deem Ausmooss net méi méiglech, sou de Lex Delles.
112 an 113 ware jo wéinst der Attack fir Post-Clienten net ze erreechen. Bei der Fro vum nationale Roaming, bei deem op en anere mobillen Operateur ka gewiesselt ginn, do géinge sech vill technesch Froe stellen. Do géifen d'Analyse lafen, fir eng Léisung ze fannen.
Dem CGDIS an der Police ass iwwregens net bekannt, datt e Mënsch wéinst der Cyberattack ze Schued koum.
D'Krisekommunikatioun via den LU-Alert war net gutt, confirméiert de Wirtschaftsminister. Do géingen déi zoustänneg Zerwisser dru schaffen, fir zum Beispill méi kloer Messagen ze definéieren, déi a sou engem Fall erausginn.
D'Deputéiert waren iwwregens via Videokonferenz beieneen.