Bedruchsrisiko an Chatgruppe mat Tipps, fir Aktien ze kafen
Et kéint ee scho bal eng Serie maachen iwwer déi vill verschidde Masche beim Online-Bedruch.
Mir haten Iech rezent jo schonn informéiert iwwer Arnaquë mat falschen Internetsitten oder mat Appellen a Mailen, wou déi Onéierlech sech zum Beispill als Bank ausginn. Ma am digitalen Zäitalter sinn der Kreativitéit vun de Gauner keng Grenze gesat. De Pierre Jans ass engem weidere perfiden Trick op de Grond gaangen.
Et si Messagen an de soziale Reseauen an dësem Stil:
"Salut, wëll Dir investéieren? A vill Sue maachen? Da kommt an dëse Whatsapp-Grupp."
De Serge Arendt hat RTL op dës Gruppen opmierksam gemaach, an deenen Onéierlecher mat Tipps fir lukrativ Aktie respektiv Krypto-Investissementer lackelen. De Serge Arendt, selwer net Affer ginn, war aus Virwëtz an esou e Grupp gaangen: "Ech wollt och gewuer ginn, wéi eng Aktien do proposéiert ginn a wéi déi sech entwéckelen."
Effektiv gi potenziell Affer, déi sech vum Versprieche vum grousse Gewënn lackele loossen, an deenen Chat-Gruppen och bei Laun gehalen. Dat weess d‘Muriel Frank, op Arnaquë spezialiséiert Wëssenschaftlerin vun der Uni.lu: "De ganzen Dag iwwer pushen d‘Membere vun esou Gruppe sech géigesäiteg. Et geet dann drëms, d‘Leit ze motivéieren, och an eppes z‘investéieren. Da ginn et Memberen, déi hir Hëllef ubidden."
De Jeff Kaufmann vu Bee Secure ergänzt: "Et muss ee sech da froen, wien déi Memberen iwwerhaapt sinn, an ob do net KI-Personnagen dobäi sinn, déi dem Affer et just solle schmackhaft maachen, Suen auszeginn. Déi behaapten, dass si scho grouss Gewënner gemaach hätten. Op déi Aart a Weis gëtt de Gemeinschaftsgeescht gepusht. Da ginn d‘Affer hirer Gier vläicht no an hoffen och eppes ze gewannen."
Natierlech gewanne just déi Onéierlech. Entweder well d‘Affer schonn direkt Suen op dubiéis Plattformen iwwerweisen. Oder well se an onbekannt Aktien investéieren, déi d‘Gauner manipuléieren. "Pump and dump" heescht dat, sou de Serge Arendt: "D’Experte ginn eng dréngend Noriicht eraus, fir ganz séier ganz kleng Aktien, sougenannt 'Pennystocks', ze kafen. Maachen d’Leit dat, klëmmt de Wäert an d’Experte verkafen déi Aktien, déi si virdru méi bëlleg scho kaf haten a maachen e Benefice, iwwerdeems d’Leit, déi beduckst ginn, verléieren."
Wéi kann een evitéieren drop eranzefalen, wann engem jo awer Beneficer vun iwwer 300 Prozent versprach ginn? Dem Jeff Kaufmann vu Bee Secure (Helpline: 8002 1234) no muss een ëmmer kritesch sinn, wann eppes ze schéin ass, fir wouer ze sinn. Et soll een alles hannerfroen, d‘Plattforme kontrolléieren a sech och froen, wien hannert deene Gruppe stécht.
An doriwwer ginn et wierklech vill Reportagen. Meeschtens féiert d‘Rees a Südostasien. Dat confirméiert d‘Muriel Frank, déi am Zenter fir Sécherheet, Zouverlässegkeet a Vertraue vun der Uni.lu iwwer Scams fuerscht. Net nëmmen am Myanmar ginn et ganz Stied mat Scam-Fabricken:
"An deene Scammer 24 op 7 no potenziellen Affer sichen. An der Reegel sinn déi Leit net fräiwëlleg do. Dat muss ee sech wierklech virstellen wéi riseg Kleederfabricken, an deenen awer just Pulter sti mat Handyen a Computeren. Deels mussen d‘Scammer op 50 Handye gläichzäiteg mat hire 50 Affer schreiwen, fir ze eranzeleeën."
E kriminellt Multi-Milliarde-Geschäft, bei deem op zwou Säite Mënsche verléieren: Déi aarm Leit, déi an de Fabricken exploitéiert ginn, fir ze scammen, an op der anerer Säit déi Leit, déi optimistesch naiv op d‘Tricken erafalen a vun de Gauner beklaut ginn.
Op RTL hu mer an der Lescht iwwert eng Rei Fäll vu Bedruch bericht an entspriechend Recommandatioune ginn:
08.08.2025: Bankenassociatioun ABBL: Et soll ee sech beim Webbanking Zäit huelen