Serie Lëtzebuerg Kosmopolit (8)Balkan Feeling am Grand-Duché

RTL Lëtzebuerg
An der neister Episod vun eiser Serie begleede mer d'Famill Šabotić, déi aus dem Montenegro respektiv aus Serbien kënnt.
Balkan Feeling am Grand-Duché
An der neister Episod vun eiser Serie “Lëtzebuerg Kosmopolit” begleede mer d’Famill Šabotić, déi aus dem Montenegro respektiv aus Serbien kënnt.

An dësem Episod weist eis d’Famill Šabotić wéi si hei zu Lëtzebuerg ukomm ass an dat si awer och e puer Traditioune bäibehält, dorënner déi kulinaresch. Dofir gi mer mat an e Balkan-Supermarché, kréie gewisen, wéi Prsuta oder Cevapi gemaach ginn an och e Folklor-Danzcours steet um Programm vum Edis a senger Fra Nezrina.

Zu Lëtzebuerg wunnen eng 2.855 Bierger aus Montenegro, si gehéieren domat zu der gréisster Communautéit hei am Land, déi zwar wuel vum europäesche Kontinent kënnt, awer net aus der EU.

Deel 1: Déi italienesch Communautéit
Deel 2: Déi spuenesch Communautéit
Deel 3: Déi portugisesch Communautéit
Deel 4: Déi kapverdianesch Communautéit
Deel 5: Déi iranesch Communautéit
Deel 6: Déi polnesch Communautéit

Back to Top
CIM LOGO