
Den Iechternacher Séi war scho leschte Summer eng beléifte Plaz bei de Leit, fir no enger Ofkillung ze sichen. Dorënner hat den néien Haapt-Ponton e bësse gelidden. Hei missten zousätzlech Schwammkierper installéiert ginn, fir dat deen, wa vill Léit drop sinn, net fänk op eng Säit ze kippen.
D’Firma vu Berlin, déi de Ponton gebaut hunn, huet dofir missen erëm zeréck op Lëtzebuerg kommen. Dëst huet awer mat sech bruecht, datt de Séi méi spéit opgaangen ass wéi geplangt. Wat awer kee grousse Problem war, well mam schlechte Wieder am Juni wiere souwisou net vill Léit an d’Waasser gaangen, esou den éischte Schäffe Ben Scheuer.
Am Iechternacher Séi ginn et vill Planzen déi bis op d’Uewerfläch wuesse kënnen. Fir dass d’Leit awer kënne schwamme goen, gouf ee Boot kaf, dat de Séi méint, esou den LSAP-Schäffen: “Dat funktionéiert esou, dass do een Ausleger drun ass, wou eng Schéier drun ass. Wou déi Wuerzelen op 1 Meter 50 ofschneit an da gëtt dat héich gehuewen an da féiere mir dat op de Kompost.”
Net nëmme Planze kéinten d’Schwëmmer am Séi hënneren, mee och de Bulli, deen um Fong läit, kéint mol gäre stéieren. Dofir gouf virun 2 Joer an engem Deel vum Séi de Schmorri eraus geholl, deen elo nach wärend engem Joer op engem Feld muss dréchnen. Duerno muss gekuckt ginn, ob de gedréchente Bulli als Dünger genotzt a verkaf dierf ginn, esou de Ben Scheuer.
Lëtzebuerger Schwammgewässer - Veianen
Lëtzebuerger Schwammgewässer - De Stauséi
Lëtzebuerger Schwammgewässer - D’Baggerweieren