
Wéi et vun de Vertrieder vun LSAP, Piraten an Déi Gréng heescht, wieren dem Marc Lies seng Aussoe blessant gewiescht an hätte Flüchtlinge stigmatiséiert an als Schëlleg vu Strofdoten duergestallt. Duerfir stellen déi fënnef Oppositiounspolitiker am Gemengerot den nächste Méindeg nieft der Fuerderung no Excusen, fënnef konkret Froen, wou et ënner anerem drëms geet, wéi eng Initiativen an der Hesper Gemeng wäerte geholl ginn, fir Respekt, Toleranz a sozial Inclusioun ze promouvéieren.
Och gëtt gefrot, wéi d’Vertrauen an d’Unitéit no de Kontroversen nees soll an der Hesper Gemeng retabléiert ginn. Absënns erwaarde sech d’Hesper Oppositiounsparteien och eng Positioun vun der DP als Koalitiounspartner vun der CSV.
No Aussoen iwwer Flüchtlingspolitik: CSV Partei-Leedung hat klärend Gespréich mam Marc Lies
Vu schockéiert bis net erféiert: Oppositioun reagéiert op Aussoe vu Marc Lies
Marc Lies reagéiert op Kritik: “Ech hätt dee Post an där Form net solle maachen”