Léon GlodenD'Spezial-Unitéit vun der Police huet an der Moyenne ronn 250 Asätz d'Joer

Roy Grotz
Dëse Chiffer ass iwwert déi lescht Jore stabel bliwwen, och wann d'Zuel vun den USP-Polizisten ëm e Fënneftel an d'Luucht gaangen ass.
© RTL-Archiv

Wat d’USP-Leit un Iwwerstonne leeschten ass iwwerdeem komplex ze soen, schreift den Inneminister Léon Gloden. Eng Kommissioun, wou och d’Gewerkschaften dra sëtzen, iwwerpréift awer, datt dës Stonnen och adequat erageholl a bezuelt ginn.

An der Moyenne kënnt all USP-Member iwwerdeem op 20 Kéieren, datt hien d’Joer muss Iwwerstonnen maachen.

Natierlech sinn d’Interventioune vun de Polizisten an der USP geféierlech. Esou goufen et zejoert eng Dose Beamten, déi en Aarbechtsaccident haten - ee wärend engem Asaz.

Eleng dëst Joer ewell goufen et bei der USP 4 Aarbechtsaccidenter.

All USP-Member kritt iwwerdeem all Mount eng Prime de risque - egal wéi e Statut hien huet. Dëst wier am Sënn vun der Egalitéit bannent der Unité Spéciale, esou de Minister Gloden op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana.

D’Spezialunitéit vun der Police (1): Mat der Spezialunitéit vun der Police ënnerwee
D’Spezialunitéit vun der Police (2): E Bléck op déi verschidde Spezialisatiounen an der USP
D’Spezialunitéit vun der Police (3): Mat derbäi bei der Übung “Bewaffent Geiselnam an der aler Fabrick”

Back to Top
CIM LOGO