D'Woch op RTLEspresso fir de Poopst, Fernand Fox gestuerwen, Affär Caritas geet weider

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
© RTL-Grafik

Net just fir en Espresso am Grand-Duché

De Poopst war also op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg. Do gouf hie vum Premier Luc Frieden an der Groussherzoglecher Koppel empfaangen, war mam Pappamobil an der Stad ënnerwee, war fir e kuerzen Espresso an e Bistro a war de Gleewegen an der Kathedral hautno. All dës Momenter a ganz vill Impressiounen hu mir fir Iech gesammelt.

Äddi Foxe Fern

Eent vun de bekanntste Lëtzebuerger Gesiichter huet eis Ufank der Woch verlooss. De Schauspiller Fernand Fox, bekannt wéinst Theater, Film an och Assurancëreklammen, ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen.

Beschte Paien

Wou verdéngt een am Privatsecteur hei am Land am meeschten? Eng Etüd vun Hays huet dëst opgelëscht, an do si Beruffer am Bankesecteur, ma och vill Direkter- a Reponsabeleposte mat drënner.

Affär Caritas geet weider

Dës Woch huet sech ënner anerem eng Mataarbechterin vun der Organisatioun zu Wuert gemellt. Vun der Presidentin vum Verwaltungsrot an och dem Kardinol Jena-Claude Hollerich war et e “Mea culpa”.

Wiederchaos ëm d’Fiels

E Freideg den Owend huet de ville Reen dofir gesuergt, datt en Hang tëscht der Fiels a Chrëschtnech gerëtscht war, och op anere Plaze koum et zu Tëschefäll.

Et ass Schluss beim Mulles

De Kultschapp zu Bouneweg, wou d’Musek 24 Joer laang doheem war, huet seng Dieren zougemaach. Den Haff, deen de Mulles gelount huet, gëtt ofgerappt, fir hei nei Haiser opzeriichten.

Kee “Shoey” méi

Et hat sech zu Singapur ugedeit, elo ass et offiziell. Den Daniel Ricciardo gouf vu Racing Bulls virun d’Dier gesat. Dëst mat “effet immédiat”.

Wunne gëtt erëm méi deier

Nodeems et 5 Trimesteren noeneen eng Baisse gouf, weisen d’Zuele vum Logement aus dem zweeten Trimester 2024 nees liicht an déi aner Richtung, esou de Statec.

Back to Top
CIM LOGO